Nächst Stonnen: De Schnéi kënnt an den Owend/Nuecht op den Donneschden

Well sech d’Loftmassegrenz haut en Tick méi wäit nërdlech geluecht huet, gouf de Stadium vum Schnéi de Moien gekonnt iwwersprongen – et war direkt Glëtz. An der Nuecht kënnt d’Loftmassegrenz aus Norden zréck a bréngt eis de Schnéi.

D’Situatioun

Wéi et de Moien direkt ugefaangen huet ze reenen, goufen direkt Stëmmen haart, d’Prognosen hätten donierft geleeën. Dobäi ass awer an de leschten Deeg ëmmer erëm betount ginn, dass déi klengst Verännerunge vun der Positioun vun der Loftmassegrenz immens grouss Ënnerscheeder kënne mat sech bréngen. Genee dëst ass haut geschitt: Direkt huet Glëtz agesat. Wa sech d’Loftmassegrenz net verlagert hätt, dann hätt de Plang esou fir haut ausgesinn: Schnéi -> Glëtz -> Schnéi. Dëse Plang ass elo zu Glëtz -> Schnéi ginn. Iwweregëns beriichte mir bei Météo Boulaide schonn zanter genee enger Woch iwwert dës Loftmassegrenz.


Dat aktuellt Radarbild vun 15:37 Auer | Grafik: RadarScope / Météo Boulaide

Aktuell (17.01.2024 – 15:30) leien d’Temperaturen am ganze Land verdeelt tëscht -1 an 1 Grad – dohier ass d’Gefor vu Reen, deen um Buedem festfréiert, zréckgaangen. Och bestoend Flächen aus Äis sinn amgaangen, ewechzeschmëlzen. Et sollt ee sech awer net drop verloossen, dass elo vun der enger Minutt op déi aner kee Streckendeel méi glat ass – et ka mol nach zu béisen Iwwerraschunge kommen.

Wéini kënnt de Schnéi?

Hei dann endlech d’Äntfert op d’Fro, déi haut bal am meeschte gestallt gouf – an ech denken d’Schnéifrënn freeë sech driwwer. D’Loftmassegrenz, déi de Moment vu Süd no Nord iwwert eis ewechschläift, kënnt am Laf vum spéideren Owend & och der Nuecht zréckgefall. Dëst net méi als Waarmfront, mee als Kalfront – et fléissen also op e Neits fraschteg Loftmassen op Lëtzebuerg. Well villes vum Äis entdeet ass, ass et richteg naass dobaussen. D’Kombinatioun aus dëser Nätzt an den erëm Minustemperature féiert op e Neits zu glate Stroossen. Iwwerdeems déi kal Loftmassen zréck op Lëtzebuerg gefloss komme, ka fir den Ufank op d’mannst lokal erëm kuerz e bësse Glëtz net ausgeschloss ginn.


Wéi de Schnéi an der Nuecht iwwert eis ewechzitt | Animatioun: wxcharts.com

De geneeën Ufank vum Schnéifall ass ongewëss. Mee wann ee sech d’Modeller esou kuckt, da sollt et tëscht 19 an 21 Auer am äusserste Norden domat ufänken – deemno wéi schonn éischter. Dëse Schnéifall verlagert sech am Laf vun de Stonne weider a Richtung Süden – an erreecht an der fréier zweeter Nuetshallschent d’Mëtt vum Land. Bis an de fréien Donneschdemoien eran wäert e sech am ganze Land breetgemaach hunn, zäitweis ass en och méi kräfteg ënnerwee. Bis tëscht 7 a 9 Auer sollt et nach schneien, duerno soll et méi dréche ginn.

Wéi vill Schnéi bleift leien?

Aktuelle Modellrechnunge no soll muer de Moie bis 8 Auer eng Schnéicouche vun tëscht 5 a 9 cm op de nërdlechste Koppen am Land méiglech sinn. Ongeféier op der Héicht Veianen kann et fir 3 bis punktuell 5 cm duergoen. Am Weste vum Land wieren tëscht 2 a 5 cm ze erwaarden, am Südwesten 1 bis punktuell 4 cm. Laanscht d’Musel belafe sech déi berechent Quantitéiten op en dënne Flom bis hin zu 3 cm. Am zentrale Guttland kann et och punktuell fir 5 cm duergoen.

Jo, dat sinn elo keng 20 oder 30 cm Schnéi – mee och dat huet eben domat ze dinn, dass d’Loftmassegrenz méi wäit nërdlech gezunn ass. An den Updates aus de vergaangenen Deeg gouf ëmmer erëm betount, dass dat e méiglechen Zenario ass.