Nach kënnt sech d’Sonn heiansdo tëscht de puer Wolleke weisen, mee dat wäert net esou bleiwen. Déi ugekënnegt Kalfront steet elo an de Startlächer.
Advertisement
Déi momentan Situatioun a wéi et virugeet
Haut um Samsde kënne/konnte mir mol duerchotmen. Eist Land läit endlech mol fir e puer Stonnen ënner liichtem Héichdrockafloss, wouduerch eist Wieder eben däitlech méi agréabel ass wéi dat, wat mir an de leschten Deeg gesinn hunn. Momentan schläiche sech zwar erëm no a no méi Wolleken eran, d’Temperature leien bei ze héije 9 bis 13 Grad.
Den Trend mat de Wolleke geet och schläichend esou virun, well muer steet eis eng laang ugekënnegt Kalfront un. Esou kuerz virun der Mëttesstonn oder am fréie Nomëtte sollt dës bei eis ukommen an dann kënnt et zu méi groussflächegem Reen duerch d’Land verdeelt. Dëse Reen hält an dëser Form bis an den Owend un, duerno kënne nach e puer Schaueren optrieden. D’Temperature packen et op 6 bis 8 Grad. An der zweeter Nuetshallschent gëtt et méi dréchen an et mécht sech erëm liichten Héichdrockafloss breet. Dëse suergt an de Stonnen drop awer gär mol fir Fisemreen a Niwwelfelder.