
Duerch e Schnéidéif, wat mat sengem Kär ëstlech un eis laanschzitt, wäert et bei eise Noperen zu Schnéifall kommen. Mee och bei eis besteet d’Gefor vu glate Stroossen.
Advertisement
Nach eng Kéier Schnéischauere méiglech
Duerch déi souwisou schonn kill Loftmassen an der Héicht koum et an de leschte Stonne schonn plazeweis zu e puer Schnéiflacke, besonnesch op de Koppen. An de nächste Stonne gëtt d’Warscheinlechkeet dovun awer weider an d’Luucht gedréckt, dat well e Schnéidéif knapp ëstlech un eis wäert laanschtzéien. Et bréngt eis also méi Nidderschléi, iwwerdeems duerch seng Dréibeweegung nach méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gezu kommen. Deemno wéi wäert sech dat ganzt also net nëmmen op déi héchst Koppe vum Land beschränken, wat awer trotzdeem kee groussflächege Wanterabroch mat nennenswäertem Schnéi bedeit.

Dat meescht vum Schnéi wäert op der däitscher Säit an och an der Äifel, och op belscher Säit, erofkommen. D’Wiedermodeller rechnen op dëse Plaze mat Schnéihéichte vun tëscht 0,5 an deemno wéi 3 cm. An der Nordhallschent vu Lëtzebuerg besteet op den Erhéijungen d’Méiglechkeet vun engem kuerzzäitegen dënne Flom, an der Südhallschent sollt näischt leie bleiwen.
Trotzdeem glat Stroossen
D’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi ass an der Nuecht op e Sonnde bei eis also däitlech erhéicht. D’Temperature ginn dobäi am Norden op tëscht -2 an 1 Grad zréck, an der Südhallschent sinn et 0 an 2 Grad. Egal ob Schnéiflacken oder net, duerch Nätzt déi fréiert riskéiert et op d’mannst streckeweis mol glat ze ginn.