Nächst Stonnen: Kill Loftmasse suerge fir lokal Flacken & Risk vu glate Stroossen

Wéi e Mëttwoch ugekënnegt, erreechen eis an der Héicht lues a lues kill Loftmassen déi an de nächste Stonnen fir deels wanterlecht Wieder suerge kënnen.

Advertisement

Grousswiederlag

Bis muer de Mëtte wäert sech en Héichdrockgebitt iwwert de Weste vu Frankräich geluecht hunn, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Osten a Südoste vum Kontinent läit. Zesumme mat weiderem déiwe Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum gi kuerzzäiteg kill Loftmassen aus dem héije Norden ugezaapt, déi eis kuerzzäiteg erëm e liichte Wanterfeeling op Lëtzebuerg bréngen. Schnéiflacken, mee haaptsächlech glat Stroosse sinn ze erwaarden.


De Verlaf vun de Loftmasse bis muer inclus | Animatioun: wxcharts.com

Den Oflaf

An der Nuecht op e Méinde ginn d’Temperaturen op tëscht -2 a 0 Grad zréck. Duerch de Reen vun elo am Nomëtte starte mir mat engem naasse Buedem an d’Nuecht eran, deen och mol fréiere kann. Glat Stroosse sinn also méiglech.

Vum Nidderschlag hier soll et de meeschte Modeller no muer am fréie Virmëtten ufänken, zu liichtem Nidderschlag ze kommen. Op de Koppen am Norde si mir am längste bei tëscht 0 an 2 Grad ënnerwee, haaptsächlech op den Erhéijunge kann et kuerzzäiteg schneien. An der Südhallschent handelt et sech ëm liichte Reen, deemno wéi och Schnéireen.

Wat d’Quantitéite betrëfft gëtt fir déi héchst Punkten am Norden héchstens mol en dënne Flom bis 1 cm berechent, soss dierft awer näischt leie bleiwen. E Schnéichaos ass um Méindemoien also ausgeschloss.

Am Laf vum Dag gi Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad ugepeilt.