Nächst Stonnen: Klengt Déif suergt fir Temperaturréckgang, lokal Flacken

Tëscht den Owend a muer de Mëtte bréngt eis en Déif méi kill an deels nach eng kéier wanterlech Loftmassen op Lëtzebuerg. Besonnesch südëstlech vun eis si weiderhi Flacke méiglech. En Update.

Advertisement

Méi wanterlech, mee kee relevante Schnéi

Beim Wuert “wanterlech” muss ee virsiichteg sinn, well een sech als Schnéifrënd dovun erhoffe kéint, dass de Wanter elo e richtege Comeback wëlles huet – wat fir elo awer net de Fall ass. Trotzdem wäert e klengt Déif, wat sech an der Nuecht bis muer de Mëtte vum Nordoste vu Frankräich eriwwer an Däitschland beweegt, spéitwanterlech kill Loftmassen an eis Géigenden transportéieren. D’Resultat dovun ass engersäits, dass et ebe méi kill gëtt – anerersäits kënnen an der Groussregioun och mol Schnéischaueren optrieden.

An dëser Nuecht ginn d’Temperaturen op e Minimum vun tëscht -1 an 2 Grad zréck. Et sinn zwar Wolleken ënnerwee, mee et wäert nach meeschtens dréche bleiwen. D’Déif mat de Nidderschléi läit iwwert dem ëstleche Frankräich a bréngt nieft Reen a Schnéireen och plazeweis Schnéischaueren ervir, déi dohanne fir glat Stroosse kënne suergen. Bis an de fréien Donneschdevirmëtten eran wäert d’Déifdrockgebitt iwwert dem äussere Nordoste vu Frankräich leien, d’Nidderschléi dovu kënne sech schonn op d’Saarland esouwéi och Baden-Württemberg ausbreeden. De Schnéi-relevanten Deel bleift awer nach iwwer Frankräich leien.


De viraussiichtleche Parcours vum Déif inkl. Nidderschlagsformen bis muer de Mëtten | Animatioun: wxcharts.com

A Richtung Mëtten läit de Kär vum Déif iwwert dem Weste vun Däitschland, knapp ëstlech vun eisem Land. Et fänkt also och bei eis un, naass ze ginn – woubäi een awer soe muss, dass d’Warscheinlechkeet vu nennenswäerte, mee liichte Schnéischauere reduzéiert ass. Déi bescht Chancen hunn engersäits déi héchst Koppen, anerersäits kann et, sollten d’Nidderschléi staark genuch sinn, och am franséischen an däitsche Grenzgebitt zu eisem Land mol fir e puer Flacken duergoen. Eng Couche ass net ze erwaarden. Alles an allem gesäit et dono aus, wéi wa sech de Schnéi, iwwerdeems en aus dem Frankräich a Richtung Däitschland zitt, ëmmer méi a Schnéireen a Reen ëmwandelt. Et gëtt also méi wanterlech, mee et ass ausdrécklech mat kenger relevanter Couche oder engem richtege Wantercomeback ze rechnen.