Nächst Stonnen: Vum Nomëtte bis muer de Moie fréi Dauerreen ze erwaarden

Ier et mol kuerz e bësse méi roueg a Saache Reen gëtt, steet eis elo mol nach e gréissert Reegebitt un. Well et duerch dëst méi laang um Stéck reent, kann een och nach vun Dauerreen schwätzen.

Advertisement

Flächendeckende Reen ass ënnerwee

Iwwert dem Nordweste vu Frankräich an och dem Weste vun der Belsch steet schonn de Reen prett, deen eis am Laf vum Nomëtte soll erreechen. Et handelt sech ëmt e gréissert Reegebitt, wat also heescht, dass et iwwerall zu Lëtzebuerg wäert reenen, an dat viraussiichtlech e puer Stonne laang um Stéck.


Esou soll sech d’Reegebitt iwwert eis ewechbeweegen | Animatioun: wxcharts.com

Kee Wonner also, dass doduerch nennenswäert Zomme kënnen zustane kommen – Warnunge sinn awer keng néideg. Den däitsche Modell ICON-D2 rechent domat, dass bis muer de Moie 6 Auer am äusserste Nordwesten de meeschte Reen erofkënnt. Berechent gi 15 bis lokal 20 l/m² als Maximum, soss sollen an der Nordhallschent verbreet 10 l/m² erofkommen. Fir d’Südhallschent huet de Modell tëscht 5 an 10 l/m² um Plang stoen.

Den europäesche Modell rechent am genannten Zäitraum mat Zommen vu meeschtens ëm 10 l/m², ganz un der Nordspëtzt géif et op knapp iwwer 15 l/m² erausgoen. Den amerikanesche Modell ass der selwechter Meenung.

Vum Nomëtten un bis an de Mëttwochmoien era stellt sech also eng däitlech méi naass Zäit an. Et ass mat Aquaplaning ze rechnen, mee vun de Quantitéiten hier geet et net fir Warnschwellen duer.