Nächst Stonnen: Wéi héich ass de Risk, dass et erëm richteg glat gëtt?

No a no fléisse méi waarm Loftmassen eran, vun der Nuecht un ass och mat relevantem Reen ze rechnen. Lo stellt sech natierlech d’Fro, ob d’Kombinatioun aus Reen & gefruerene Buedem erëm eng Roll spillt.

D’Situatioun

Haut ass, wann een esou wëll, de “leschte” wanterlechen Dag fir eng Zäit. De Grond dofir ass deen, dass aus westleche/südwestleche Richtungen däitlech méi mëll Loftmassen eragefloss kommen. Zesumme mat dësen kënnt an der Nuecht och erëm Reen op. D’Fro ass elo natierlech, ob de Buedem séier genuch kann entdeeën, fir a kenger Gefor vu glate Stroossen ze resultéieren.


Wéi de Reen eis an der Nuecht aus Westen erreecht | Animatioun: wxcharts.com

Wa mir eis elo déi aktuell Modellrechnungen ukucken, da gesi mir, dass déi meescht Modeller tëscht 2 a 4 Auer muer de Moie mam éischte Reen rechnen. Iwwerdeems sollen eis Temperaturen tëscht gréisstendeels 2 a 4 Grad leien, iwwerdeems fir déi direkt Buedemhéicht eng Temperatur vun tëscht 1 a 4 Grad simuléiert gëtt. De Wand spillt och eng Roll: Duerch déi kräfteg südwestlech Stréimung dréit deen och zur Erwiermung bäi, wat erëm géint glat Stroosse géif schwätzen.

Reng dem Modell-Stand no ass de Risk vu Reen, deen um Buedem festfréiert, also zimmlech geréng bis net wierklech existent. Wat awer och nach matspillt ass, dass de Buedem op ville Plaze bis an eng méi grouss Déift gefruer ass. Well fir glat Stroossen awer just d’Uewerfläch relevant ass, sollt de Risk vu glate Stroossen awer tatsächlech zimmlech geréng sinn.

Fazit:

Et ass onwarscheinlech, dass mir an der Nuecht op e Méinde flächendeckend glat Stroosse begéinen. Just ganz lokal begrenzt kann et duerch de Faktor vum Buedem, dee sech net séier genuch entdeet, de Fall sinn – mee et sollt eng Ausnam sinn.