Nächst Stonnen: Wiederhiweiser viru glate Stroossen a (nach) geréngem Schnéifall

Fir déi nächst Stonne si Wiederhiweiser viru wanterlechem Wieder aktiv.

Primär wéinst glate Stroossen

Vun elo un bis muer de Mëtte gëllen am ganze Land Wiederhiweiser wéinst glate Streckenofschnëtter.

Vum Freidemoien un komme Nidderschléi mat dobäi, déi et begënschtegen, dass et zu geréngem Schnéifall kënnt. Zumools op de Koppen am Norde kann et bis an de fréie Mëtten eran zu geréngfügege Schnéiquantitéite vun tëscht 1 an 3 cm kommen, am Süde sollten se nach méi geréng ausfalen.

A Richtung Freidenowend kënnt op e Neits Schnéifall op, deen fir méi grouss Flächen interessant gëtt. Méi dozou elo nach am Laf vum Owend.