Nächst Stonnen: Zur Ofwiesslung mol erëm d’Warscheinlechkeet vu Flacken

Markantes ass zwar net ze erwaarden, mee d’Warscheinlechkeet vu wéinstens e bësse Schnéi mécht d’Wieder an de nächste Stonne liicht méi interessant. Zumools am Norde kann et deemno wéi mol unzockeren.

Advertisement

Et kënnt wéinstens e bësse Beweegung eran

An de nächste Stonnen, resp. der Nuecht op e Sonnde, läit en Héichdrockgebitt iwwer Skandinavien, iwwerdeems sech vun de britteschen Inselen an och dem Südweste vu Frankräich hier liichten Déifdrockafloss amëscht. Lëtzebuerg läit tëscht dësen Drockgebitter, wouduerch mir an e Beräich geroden, an dem déi kill a fiicht Loftmasse vum Buedem a méi héich Loftschichte gedréckt ginn. Doduerch ka sech dann op enger Linn, déi sech aus der Belsch eriwwer bis an de Südoste vun Däitschland zitt, bis e Sonndemoien eran e Beräich erauskristalliséieren, an dem et zu meeschtens liichtem Schnéifall kënnt. D’Warscheinlechkeet dofir hu mir och an de leschten Deeg an de Wiederprognosen ugedeit.

Zumools am Norde geréng Quantitéite méiglech

Et ass also kee wierklech grousst a kräftegt Schnéigebitt, an awer kann et fir geréng Quantitéite duergoen. Eng ganz Rëtsch Modeller gesinn d’Schnéiwarscheinlechkeet besonnesch fir den äussere Norde vum Land, anerer wëllen awer och iwwert dem Rescht e puer Flacke net ausschléissen. Wou genee se hinzéie, léisst sech nëmme kuerzfristeg soen, méiglecherweis just per “Nowcast” (also andeems een de Radar am Aen hält). Spéitstens am Virmëtte geet déi net all ze héich Warscheinlechkeet schonn erëm zréck.


Déi berechent Schnéiquantitéite bis muer de Mëtte laut europäeschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Wat d’Schnéiquantitéite betrëfft, leie mir allgemeng bei tëscht 0 an 1 cm. Nëmme ganz vereenzelte Berechnunge no kéint am äussere Norden op iwwer 500 Meter och mol eppes mat 2 cm dobäi sinn. Egal wéi, soll ee sech als Schnéifrënd net vill erwaarden. Generell ass d’Warscheinlechkeet vu glate Streckenofschnëtter awer méi héich wéi an de leschten Deeg – de Fuerstil also de Wiederkonditiounen upassen.

E plausibelen Zenario ass deen, dass de Gros vum Schnéi mat liicht méi héije Quantitéite nërdlech a nordëstlech u Lëtzebuerg laanschtgeet.