
Stuermdéif iwwert de britteschen Inselen
Muer zitt e Stuermdéif iwwert déi brittesch Inselen ewech. D’Wandfeld dovu gräift zimmlech wäit a Richtung Südosten a Süden aus, wat dozou féiert, dass och den Dag vu muer e richteg leftegen zu Lëtzebuerg gëtt. Eng Warnung sollt awer net néideg sinn, well déi meescht Modeller mat Spëtzen ënnert der Warnschwell rechnen.

Um Moien ass et wollekeg, de Wand ass schonn spierbar ënnerwee. An de Spëtzte kënne 45 km/h optrieden. Vum Nomëtten un erreecht eis dann dat besotent Wandfeld, dat mat maximale Spëtze vun tëscht 50 a 75 km/h. Eis erwaart also kee richtege Stuerm, mee einfach e puer méi kräfteg bis stiermesch Wandstéiss.
An der Nuecht op de Samsde bleift et lefteg, besonnesch um fréie Samsdemoie kéint eng Warnung viru Stuermstéiss bis 80 km/h fälleg ginn.