Nächst Woch: Dauerfrascht duerch markanten Temperaturréckgang méiglech

Wann een de momentane Modellrechnunge gleeft, da gëtt dëse fréiwanterleche Weekend just e Virgeschmaach. D’nächst Woch kéinte mir just nach a rare Fäll iwwert de Gefréierpunkt erauskommen.

Phas mat ënnerduerchschnëttlechen Temperature méiglech

De Weekend iwwer erreechen eis däitlech méi kill Loftmassen, wéi am leschten Artikel ausféierlech thematiséiert. Wann een sech awer elo d’Modellrechnunge fir d’nächst Woch ukuckt, da schéngt et, wéi wann dat de Weekend just e klenge Virgeschmaach wier.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis den iwwernächste Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Den aktuelle Modellstand ass deen, dass sech e grousst Déifdrockgebitt iwwert dem Oste vun Europa installéiert. Dëst Déif ass immens grouss a schëppt polar Loftmassen an eis Géigenden, wouduerch esouguer Dauerfrascht kéint en Thema ginn. A Richtung iwwernächste Weekend kéint eventuell awer erëm een Déifdrockgebitt aus Westen op eis duerkommen, wat déi kal Loftmassen zréck dohi schéckt, wou se hierkomm sinn. Dëst muss awer och net onbedingt vu laanger Dauer sinn, kuerz drop probéiert d’Keelt nämlech schonn erëm zréck op Lëtzebuerg ze kommen.

Den Temperaturverlaf

Vun dem, wat elo grad beschriwwe gouf, ass virun allem den Temperaturréckgang bis Mëtt der Woch am warscheinlechsten. Dohier kucke mir eis elo mol un, wéi héich den Thermometer iwwerhaapt nach géif bei eis klammen, wa sech dës Léisung wierklech duerchsetze géif.

Dem europäesche Modell no erwaarden eis e Méinde nach Maximalwäerter vun ëm 0 bis 3 Grad, en Dënschde wieren esouguer justn ach -4 bis -1 Grad dran – dat wier op alle Fall e gutt Stéck ze niddereg fir d’Joreszäit. Fir e Mëttwoch stinn -2 bis 1 Grad um Programm, em Donneschde wiere mir bei -1 bis 2 Grad ënnerwee. E Freiden hätte mir et mat engem änlechen Dag ze dinn wéi och en Dënschden mat -3 bis 0 Grad.

Den amerikanesche Modell ass fir e Méinden der Meenung, dass d’Wäerter op e Maximum vun tëscht -1 an 2 Grad klammen, en Dënschden -1 bis 1 Grad, e Mëttwoch -2 bis 0 Grad, en Donneschden -1 bis 1 Grad an och de Weekend soll sech net all ze grouss eppes drun änneren.

Egal wéi déif d’Wäerter am Dag tatsächlech falen, et schéngt op alle Fall e groussen Tick méi kal ze ginn wéi dat wat mir de Moment dobaussen hunn. All dat ass och mat glate Stroossen a Schnéifall verbonnen, mee dozou kënnt deemnächst e separaten Artikel.