De Weekend iwwer hu mir et jo mol nach mat Déifdrockwieder ze dinn, wat sech vun e Méinden u lues a lues wäert änneren. Duerch d’Héich geet d’Warscheinlechkeet vu Niwwel awer an d’Luucht, méi kill gëtt et och.
Advertisement
D’Grousswiederlag
E Méinde selwer läit eng “Wurscht” mat héijem Loftdrock op enger Sträif vum ëstlechen Atlantik iwwert déi brittesch Inselen bis erop a Skandinavien, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum läit. Lëtzebuerg läit genee dotëscht, wouduerch sech mol nach e puer liicht Nidderschléi an eise Géigende kënne forméieren.
En Dënschden ass et mol nach ganz änlech, just verlagert sech d’Déif iwwert dem Mëttelmier weider a Richtung Osten. Vum Mëttwoch un bis e Sonnde soll sech den héije Loftdrock viraussiichtlech am beschten bei eis duerchsetzen, wat awer och an enger dréiwer Niwwel-Party resultéiere kann, wa sech d’Sonn net fréi genuch duerchgedréckt kritt.
Den Temperaturtrend weist no ënnen
E Méinde kann et also nach zu e puer liichte Nidderschléi kommen, d’Temperature leie viraussiichtlech nach tëscht 2 a 5 Grad am Dag. An der Nuecht ware se bei -1 bis 3 Grad ënnerwee. En Dënschde gesäit et no engem weidere groen Dag aus, deen souwuel Niwwel wéi och déck Wolleke ka bréngen. Um fréie Moie leie mir mat -1 bis 2 Grad erëm viraussiichtlech am liichte Minus, iwwerdeems et am Nomëtten op 3 bis 5 Grad eropgoe kann – falls de Niwwel dann net ze markant ausfällt.
E Mëttwoch an en Donneschde klammen d’Chancen, dass sech d’Sonn op d’mannst mol kuerz dotëscht ka weise kommen. E Mëttwochmoie wiere mir, Stand aktuell, bei 0 bis 3 Grad ënnerwee an am Dag bei 2 bis 5 Grad. En Donneschde wier et am Dag nach en Tick méi kal bei 0 bis 4 Grad, um fréie Moie -2 bis 2 Grad. D’Modeller tendéieren aktuell an déi Richtung, dass et e Freiden erëm méi dréif kéint ginn bei Fréitemperaturen tëscht -4 a 0 Grad an Héchstwäerter vun tëscht -3 an 1 Grad.
Fazit
Natierlech ass dëst eng Moment-Opnam, zumools dat, wat bis iwwert déi zweet Hallschent vun der nächster Woch erausgeet. E puer Eenzelheete wäerten a kënne nach änneren, mee dat generellt Muster ass schonn däitlech méi warscheinlech. E richtegen Duerchbroch vum Atlantik wier, Stand elo, erëm am Laf vun der Woch vum 16. Dezember méiglech.