Nächst zwou Nuechten/zwee Moienter: Temperature ginn an de fraschtege Beräich zréck

Vun der Nordséi hier sinn amgaangen, kill Loftmassen eragezunn ze kommen. Haaptsächlech an de Nuechte mécht sech dat duerch Frascht bemierkbar.

Advertisement

De Verlaf

Mat Temperature vun tëscht 6 an 11 Grad war et haut e gutt Stéck méi kill wéi an de vergaangenen Deeg. D’Grënn dofir sinn och déi selwecht, déi elo an de nächste Nuechten a Moienter fir Frascht zu Lëtzebuerg suergen: Aus Nordweste sinn amgaange kill Loftmassen eragefloss ze kommen, déi nach eng Kéier e spéitwanterlechen Touch zouloossen.


An der Héicht fléisse kill Loftmassen op Lëtzebuerg erof | Grafik: wxcharts.com

An der Nuecht op de Mëttwoch ginn d’Temperaturen op tëscht 0 a -3 Grad zréck, duerch Nätzt déi fréiert kéint et lokal och mol zu engem glate Streckenofschnëtt kommen. Muer um Mëttwoch si mir mat 7 bis 11 Grad ënnerwee, ier et an der Nuecht op den Donneschden erëm op tëscht -2 an 1 Grad zréckgeet. Denkt also un Är empfindlech Planzen, wa Dir am Fall sidd.

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et, wéi am Wochenausbléck geschriwwen, erëm méi waarm. En Donneschde si mir mat 11 bis 15 Grad ënnerwee, e Freide bei 15 bis 19 Grad, e Samsde mat 15 bis 17 Grad an e Sonnde bei 14 bis 16 Grad. An de Nuechte geet et just nach op e Minimum vu 5 Grad zréck.