NASA: Neien Datum fir d’Artemis I Missioun

Bis ewell hat d'Missioun ronderëmt d'Artemis I duerch technesch Problemer net all ze vill Chance. Wéinst dem Hurrikan IAN war d'Rakéit esouguer zréck an den Hangar gefuer ginn. Elo sinn awer nei Datumer bekannt.

Titelbild: NASA/Sam Lott

Nei fix Terminer & Ersatzdatumer

De nächste fixe Startdatum ass de Méinden, 14. November 2022. Vu 06:07 Auer un (eiser Zäit) geet déi 69-minütteg Startfënster op.

Et ass geplangt, d’Rakéit fir de 4. November zréck op d’Startramp ze fueren. Sollt d’Rakéit dann ëmmer nach net kënne starten, huet d’NASA schonn e puer Ersatzterminer festgeluecht: de 16. an de 19. November mat enger Startfënster vu jeeweils 2 Stonnen. Sollt de 14. November awer alles klappen, da stéing der 25-deegeger Rees näischt méi am Wee.

Artemis-1: Éischt Missioun vun enger ganzer Rei

Et ass souzesoen den Ufank vun enger neier Ära. D’Artemis-1-Missioun ass déi éischt vun enger ganzer Rei, déi d’Mënschen erëm op de Mound brénge soll. Dat net nëmme fir eng kuerz Dauer, mee och mol fir eng méi laang Zäit.

D’Missioun haut de Mëtte gëtt net mat Mënschen duerchgefouert, et ass den éischte groussen Test. D’Raumkapsel “Orion” soll e puer Woche laang ronderëmt de Mound kreesen an erëm zréck op d’Äerd kommen. Ass dat gepackt, da steet am Joer 2024 de nächste Start um Programm. D’Artemis II soll dann mat Astronauten duerchgefouert ginn.

Fir allerfréistens 2026 ass geplangt, fir déi éischte Kéier zanter der Apollo 17-Missioun erëm Astronauten op de Mound ze bréngen.

Nei Raumstatioun geplangt

D’NASA, ESA, JAXA an d’CSA plangen eng Raumstatioun, déi de Mound ëmkreese soll – esou wéi d’ISS eis Äerd. Se soll als Tëschestopp fir d’Astonauten déngen, déi dann reegelméisseg vun do aus op de Mound eroffléie kënnen – dohier och de Numm “Lunar Orbital Platform Gateway”. Den éischte Modul fir dës Raumstatioun soll 2024 oder 2025 an d’Ëmlafbunn vum Mound bruecht ginn.


Déi geplangt Raumstatioun | Grafik: ESA