National Hurricane Center: Den Tropestuerm PHILIPPE huet sech forméiert

Den Tropestuerm OPHELIA ass gëschter am US-Bundesstaat North Carolina u Land gaangen. Elo huet sech de PHILIPPE iwwert dem Atlantik forméiert.

Titelbild-Hannergrond: tropicaltidbits.com

Advertisement

Aktuell keng gréisser Gefor fir Landstécker

Den Tropestuerm OPHELIA ass gëschter zu North Carolina u Land gaangen, dat am Beräich Jacksonville. Virun der Küst hat de Stuerm nach eng duerchschnëttlech Wandvitesse vun 110 km/h erreecht, u Land selwer huet e sech dunn séier ofgeschwächt. De ville Reen an och d’Stuermflut hunn awer fir Iwwerschwemmunge gesuergt – esou wéi dat fir en Tropestuerm üblech ass. Déi ganz grouss Zerstéierung ass glécklecherweis awer net opgetrueden, well et sech ëmt e vergläichsweis schwaache Stuerm gehandelt huet.


D’Positioun vum PHILIPPE iwwert dem Atlantik a säi weidere Parcours | Grafik: hurricanes.gov

Alleng wéinst dem flotte Numm kucke mir elo eraus op den Atlantik, wou sech den Tropestuerm PHILIPPE forméiert huet. E läit genee tëscht Afrika an der Dominikanescher Republik, wäert op sengem weidere Wee awer viraussiichtlech keng gréisser Gefor u Land duerstellen. Der momentaner Prognos no soll de Stuerm iwwert dem Atlantik bleiwen a kënnt ronderëmt e Freiden um 25te Breetegrad un. Och vun der Intensitéit hier soll de PHILIPPE just en Tropestuerm bleiwen a keng Hurrikan-Stäerkt erreechen. Fir de Moment gi maximal Wandvitesse (Moyenne) bis 110 km/h erwaart, an de Spëtzten e bëssen driwwer.


Den aktuelle Bléck op d’Stierm iwwert dem Atlantik | Grafik: hurricanes.gov

E weidere Stuerm kéint sech dann och nach d’Woch iwwer forméieren, deen de Moment mol nach aus engem Koup Schaueren an Donnerwieder besteet. Dës Depressioun läit knapp südlech vun de Cap Verden a soll am weidere Verlaf iwwert dem Atlantik a Ricthung West bis Nordwest virunzéien.