National Hurricane Center: Viru Portugal kéinte sech Iwwerreschter vum FRANKLIN reaktivéieren

Dem National Hurricane Center no besteet eng kleng Warscheinlechkeet, dass Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan FRANKLIN knapp westlech vu Portugal erëm tropesch Eegeschafte kéinten unhuelen.

Titelbild-Hannergrond: National Hurricane Center | wxcharts.com

Advertisement

Advertisement

E laange Wee

De 17. August hat sech ëstlech vun der Karibik eng “Disturbance” forméiert, déi den Département fir Tropestierm & Hurrikanen vum National Weather Service (National Hurricane Center) dunn méi genee am Aen gehalen huet. Den 20. August war et esouwäit, de FRANKLIN war offiziell en Tropestuerm. Den 23. August 2023 war de Stuerm südlech vu Barahona an der Dominikanescher Republik u Land gaangen, dat mat duerchschnëttleche Wandvitessen vun ëm 80 km/h. Et gëtt geschat, dass Schued am Wäert vu 90 Milliounen US-Dollar ugeriicht gouf.


De Parcours vum FRANKLIN. Säi Wee als aussertropesche Stuerm vum nërdlechen Atlantik a Richtung Azoren ass awer net ofgebillt | Grafik: Supportstorm (wikipedia/wikimedia)

Eréischt duerno, wou de Stuerm duerch war an erëm iwwert de waarmen westlechen Atlantik koum, hat e sech séier intensivéiert. Den 28. August war de FRANKLIN en Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala, dat mat enger duerchschnëttlecher Wandvitesse vun 240 km/h. An den Deeg drop hat sech de Stuerm séier ofgeschwächt a gouf op den oppene Nordatlantik erausgedroen, wou en seng tropesch Eegeschaften a seng Intensitéit verluer hat.

En ass “erëm do”

Nodeems de National Hurricane Center duerch d’Ofschwächung opgehalen hat, de Stuerm ze verfollegen, hunn se fir e Beräich tëscht den Azoren & der portugisescher Küst (tëscht dem 45 an dem 35te Breetegrad) en Hiweis erausginn:


Hiweis vun enger Re-Intensivéierung vun den Iwwerreschter vum Tropestuerm | Screenshot: hurricanes.gov

De Moment läit den aussertropesche Stuerm nërdlech vun den Azoren a wäert sech de Modellrechnunge no an de nächste Stonnen séier a Richtung Südosten virubeweegen, wou d’Waasser däitlech méi waarm ass. Muer, am Laf vum Mëttwoch, soll den Ex-FRANKLIN tëscht den Azoren a Portugal leien a kéint dobäi erëm Wandspëtzten vun ëm 100 km/h erreechen.


Aen op den Atlantik: De Kréngel viru Portugal a Spuenien sinn déi ugeschwaten Iwwerreschter | Animatioun: wxcharts.com

Bis en Donneschdenowend soll de Stuerm erëm a Richtung Norden ofdriften, wou e sech kuerzzäiteg weider kéint verstäerken. Vitessen bis 120 km/h wieren dann an de Spëtzten net ausgeschloss, dat awer weiderhin iwwert dem Atlantik.

Wéi gesäit et aus fir dat portugisescht a spuenescht Festland?

Den Ex-FRANKLIN bleift also iwwert dem oppene Mier, kann awer un der Küst vu Portugal a Spuenien fir e spierbare Wand a liicht méi héich Wellen suergen. Fir e Mëttwoch gëtt besonnesch op den Hiwwelen a Bierger mat Vitessen bis 90 km/h gerechent, iwwerdeems et méi wäit ënnen zwar och lefteg, mee gréisstendeels net all ze stiermesch sollt ginn. Iwwert dem oppene Mier, e puer Kilometer vun de Küsten ewech, ass awer mat stiermesche Konditiounen ze rechnen.


D’Wandfeld um Rand vum System, deen d’Iwwerreschter vum FRANKLIN ëmgëtt – viraussiichtleche Verlaf bis en Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

En Donneschden verlagert sech d’Wand-/ resp. Stuermfeld weider a Richtung Norden. Iwwert den Héichten vum nordwestleche Spuenien kann et zu Stuermstéiss bis 90 km/h kommen, iwwerdeems sech de Gros awer weiderhin um oppene Mier ofspillt. Iwwer Portugal ass et just nach bësse lefteg, mee Stuermstéiss sollten op de mannsten Hiwwelen optrieden.