Virun enger Woch ass en Asteroid knapp westlech vu Berlin an d’Äerdatmosphär agedrongen. De Gros dovun ass vergléit, mee kleng Deeler dovu sinn tatsächlech als Meteoritten um Buedem ukomm. Dës Stécker goufen elo fonnt.
Kuerzfristeg entdeckt ginn
Um spéiden Owend vum 20. Januar 2024 huet den Astronom Krisztián Sárneczky en ongeféier 1 Meter groussen Asteroid enteckt, deen nëmmen dräi Stonnen duerno ongeféier 50 Kilometer westlech vu Berlin an d’Atmosphär vun der Äerd agedrongen ass. Domat ass den Asteroid 2024BX1 nëmmen een vun am ganzen 8 Asteroiden, déi bis ewell fréizäiteg kuerz virum Impakt konnten ermëttelt ginn. Duerch déi genee Prognos hu vill Leit géint 00:32 Auer um fréie Moie vum 21. Januar hir Kamera an den Himmel gehalen – d’Resultat waren immens vill Videoen, déi den Asteroid dokumentéiert hunn.
Here's the full video of the asteroid #Sar2736, a ~1 m object that broke up some 50 m west of #Belin, #Germany, and probably dropped some meteorites on the ground. Video credit: https://t.co/72o6ZzPNz8 pic.twitter.com/PA73dkqid1
— Denis Vida (@meteordoc) January 21, 2024
Den Asteroid ass, wéi gesot, zu engem Groussdeel vergléit – mee e puer kleng Stécker dovun, Meteoritten, goufen erëmfonnt. Duerch déi genee Berechnungen am Viraus konnt ofgeschat ginn, wou ongeféier sech d’Stécker kéinte verstreeën – an tatsächlech: Gëschter gouf op de soziale Medie matgedeelt, dass zu Ribbeck, direkt bei Nauen, 10 Meteoritten dovu fonnt goufen. Déi gréisst Stécker dovu ware jeeweils méi wéi 20 Gramm schwéier.
Ten more meteorites from the #2024BX1 fireball (and a shattered specimen) have been recovered: https://t.co/kDO7s0kvSa – with a rough location provided this time, namely a part of the town of Nauen, Havelland in the German state of Brandenburg. pic.twitter.com/RDLJ44Kyjy
— Daniel Fischer @cosmos4u@scicomm.xyz (@cosmos4u) January 27, 2024
De Moment gëtt geschat, dass et sech bei de Stécker ëmt en Aubrit kéint handelen – e raren Steenmeteoritt. Obwuel d’Stécker fonnt goufen, muss fir weider Détailer déi wëssenschaftlech Dokumentatioun ofgewaart ginn.