Nei Alerte Rouge: Spuenesche Wiederdéngscht warnt viru weiderem zolitte Reen

Op e Neits huet de spuenesche Wiederdéngscht Warnunge fir den Osten an Deeler vum Südweste vu Spuenien erausginn. Fir d’Provënz Castellón gëllt d’Alerte Rouge, déi éischt Iwwerschwemmunge si schonn amgaangen.

Advertisement

Ëmmer nach keng Entwarnung

Wéi am Update vu gëschter thematiséiert, sti fir verschidden Deeler vu Spuenien weider deels zolidd Reenzommen un. De spuenesche Wiederdéngscht AEMET huet fir Deeler vun der Provënz Castellón déi rout Warnstuf erausgeruff, dat well et an de vergaangenen 12 Stonnen erëm méi wéi 180 l/m² gereent huet – et ass also en Upgrade vun hire Warnungen. Déi éischt Biller vun den Iwwerschwemmungen dauche schonn an de soziale Medien op.


De Wiederdéngscht AEMET huet weider Alerten vun der rouder Stuf erausginn | Grafik: meteoalarm.org

Zuel vun Doudesaffer op 95 geklommen

An Tëschenzäit sinn duerch déi schro Iwwerschwemmungen op d’mannst 95 Doudesaffer ze bekloen. Et ass warscheinlech, dass dës Zuel nach e gutt Stéck wäert klammen, well d’Informatiounen aus verschiddene Géigenden ëmmer nach feelen. En aktuelle Bléck op d’Wiedermodeller verréit, dass et an de Géigenden, déi elo op e Neits bewarnt goufen, nach bis e Sonnde wäert reenen. Bis dohi kënne sech Zomme vun tëscht 100 an 200 l/m² akkumuléieren, haut inclus.


Déi viraussiichtlech zesummegerechent Reequantitéite bis de 5. November | Grafik: wxcharts.com

Och am Südweste vu Spuenien an dem äusserste Süden a Südoste vu Portugal reent et vill, katastrophal Biller sollten dobäi awer net entstoen.