D’Zuel vun den Doudegen ass op 210 geklommen, leider kéint dës Zuel nach däitlech méi héich klamme – spuenesche Medie no gi méi wéi 2.000 Persoune vermësst. Fir déi nächst Stonne si weider Warnungen aktiv.
Advertisement
Katastroph vun onvirstellbarem Ausmooss
No de schwéieren Onwieder vum leschten Dënschden a Mëttwoch huet et laanscht déi spuenesch Ostküst ëmmer erëm zolitt gereent, en Donneschden hat de spuenesche Wiederdéngscht AEMET op e Neits eng Alerte Rouge erausginn. Dëst huet sech an de leschten Deeg nach e puer mol Widderholl, haut ass schonn erëm eng aktiv gewiescht. No engem Update gëllen elo nach eng Partie orange Warnungen, och Valencia selwer läit erëm an enger dran.
An Tëschenzäit ass gewosst, dass méi wéi 210 Mënsche gestuerwe sinn. De spuenesche Medie no gëlle méi wéi 2.000 Persounen als vermësst. Besonnesch gefaart ginn d’Biergungsaarbéchten vun der Tiefgarage vum gréisseren Akafszenter vu Valencia: De Parking gouf komplett iwwerschwemmt an ass an Tëschenzäit just nach e risege Raum voll mat Bulli, Autoen a warscheinlech och nach enger ganzer Rei Mënschen, déi dëst net iwwerlieft hunn. Och op villen anere Plaze war d’Waasser séier zu enger déidlecher Fal ginn, dohier kann et leider sinn, dass d’Zuel vun den Doudegen nach e gutt Stéck no uewe kéint korrigéiert ginn.
he trabajado en el cc de Bonaire, el mas grande Valencia, tengo excompañeros que han enviado videos de como está todo y es aterrador, el parking tiene 5.700 plazas y me dicen que muchas personas bajaron pensado que ahí estarían más seguros, lo que saldrá de ahí será un cementerio pic.twitter.com/a4h3q1iXCV
— pachacho (@pachachox) November 2, 2024
Déi gesamt Situatioun ass ugespaant, och politesch. Et sti schwéier Virwërf am Raum, zanter Deeg waarden d’Mënschen op intensiv staatlech Hëllef. Bei der Visite vum Kinneg Felipe VI, der Kinnegin Letizia an dem Ministerpräsident Sánchez goufe si mat Bulli ofgeschmass an den Auto zertéischt. D’Mënsche fille sech an dëse katastrophalen Zäiten am Stach gelooss.
Warnungen aktiv: Weidere Reen fällt
De spuenesche Wiederdéngscht AEMET hat den Owend eng weider Warnung vun der héchster Stuf ausgeruff, déi nach bis den Owend 23 Auer sollt daueren. Wärend dës Zeil geschriwwe gëtt, goufen d’Warnungen erëm op den orange Niveau erofgesat. Gewarnt gouf viru Reequantitéite vu bis zu 90 l/m², woubäi eng Rëtsch héichopgeléist Modeller awer esouguer deels bis zu 150 l/m² net wëllen ausschléissen.
And that's what stupidity gets you….
Via: @worldstormm pic.twitter.com/YS0f5AJx6G
— Volcaholic 🌋 (@volcaholic1) November 3, 2024
An der neier méi niddereger Warnung gëtt nach vu 40 l/m² geschwat. Onsécher ass och, wéi wäit sech de Reen dës Kéier ausbreet: Eenzelne Modeller no kann et bis muer de Moie fréi och nërdlech vu Vinaros punktuell méi wéi 100 l/m² reenen. Nei Iwwerschwemmunge sinn schonn amgaangen.