Nei Woch: Sonn- Wolléckemix, kaum Nidderschléi

D’Haapt-Thema vum Weekend ass ouni Zweifel de Stuerm FABIENNE. Déi nei Woch wärt awer rem vir e grousse Kontrast suergen, Héichdrock setzt sech duerch.




Héichdrock bréngt frëndlecht Hierschtwieder

Nodeems de Weekend éichter ongemittlech ausfällt, gëtt et ab der neier Woch rem méi schéin zu Lëtzebuerg. Den aktuelle Modellrechnunge no wärt sech d’Sonn rem méi oft weise kommen, daat bei e puer Wollécken. Reene sollt et guer net bis nëmme ganz e bëssen.

Um Méinden erwaart eis e frëndleche Mix aus Sonn a Wollécken, um Moie kënne nach e puer Niwwelfelder ënnerwee sinn. D’Temperature leien ufanks bei 5 bis 8 Grad, ier se am Verlaaf vum Dag op Maximalwerter vun 11 bis 16 Grad klammen. D’Werter beweege sech also op hierschtlechem Niveau, wéi et vir d’Joereszäit normal ass. Den Dënschde geet et mam frëndlechen Hierschtwieder weider, d’Sonn weist sech ëmmer rem an et zéie just e puer eenzel Wollécken duerch. Mat Reen ass net ze rechnen, d’Temperature packen et op 12 bis 15 Grad. Och um Mëttwoch ännert sech net vill un der Situatioun. Et ass oft sonnëg, daat bei wéinëge Wollécken an Temperaturen, déi tësche 15 a 18 Grad am Dag leien.

Weideren Ausbléck

Vum Méinde bis de Mëttwoch bleift et also scho mol sëcher frëndlech zu Lëtzebuerg, mee wéi geet et duerno weider? Kuckt een sech déi aktuellst Ensemblerechnungen un da gesäit een, dass net wierklech vill Reen vir déi nächst Zäit simuléiert gëtt. Wann eppes eroofkënnt, da wärt daat net vill sinn an éichter a Form vun enger vereenzelter Schauer. D’Temperature klammen och rem e bësse, soudass rem plaatzeweis Héchstwerter vun ëm 20 Grad méigleg ginn, eventuell och liicht driwwer.

Déi Zäit drop klëmmt d’Onsëcherheet rem méi rapid. Et ginn eng Rëtsch Varianten, déi zur Optioun stinn. Engkéier hätte mir d’Méiglegkeet, dass et weiderhi méi waarem gëtt a sech Temperature vun iwwer 20 Grad duerchsetzen. Eng weider Optioun wier, dass et um hierschtleche Niveau virugeet (waat am wahrscheinlechsten ass) mat Werter vun 12 bis 18 Grad am Dag. Eng aner Variant wier, dass d’Temperaturen op däitlech ënner 15 Grad faale kéinten. An de Nuechte wier demno mat Frascht ze rechnen.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)