Neie Rekord a Frankräich: 40 Grad esou fréi wéi nach ni virdrun

A Südfrankräich huet d'Hëtzt schonn fir e neie Rekord gesuergt: nach ni war et esou fréi am Joer schonn esou waarm.

Extreem Hëtzt mécht sech iwwer Frankräich breet

Frankräich erlieft schonn zanter dem vergaangene Weekend Temperature vun iwwer 30 Grad, haaptsächlech de Süden a Südwesten. Zanter virgëschter moossen ëmmer méi Statioune Wäerter vu bis zu 35 Grad an och driwwer, den Héchstpunkt kënnt awer eréischt. D’Hëtztwell breet sech vu Spuenien aus ëmmer méi a Richtung Frankräich aus a suergt am Endeffekt och bei eis zu Lëtzebuerg fir ongewéinlech héich Temperaturen.

Un der Wiederstatioun zu St-Jean-de-Minervois a Südfrankräich ass et gëschter um Donneschden fir 40 Grad duergaangen. Dëst ass zwar net déi héchst jeemools gemoossen Temperatur a Frankräich, dofir awer déi fréist je registréiert 40 Grad. Dat heescht, dass et a kengem registréierte Joer jeemools schonn esou fréi esou waarm war – e neie Rekord fir Frankräich, wann een d’Corse net mat abezitt.

Haut um Freide gi sech am Süde vu Frankräich Maximalwäerter vun tëscht 39 an 41 Grad erwaart. Och soss ginn a groussen Deeler vum Land bis zu 37 Grad erreecht, ausser ganz am Osten a Norden. Um Samsden zitt sech d’Hëtzt weider an de Nordosten, grouss Deeler vum Land erliewen Temperature vun tëscht 35 an 38 Grad. Iwwert dem westlechen Zentralfrankräich besteet d’Méiglechkeet vun 41 Grad, esouguer zu Paräis kéint un de 40 Grad gekrazt ginn.