Neie Rekord: Méinde war de wäermste November-Dag zanter Opzeechnungsufank

D’Berechnunge vun de Wiedermodeller krute sech duerchgesat. Den Dag vun haut, de Méinden, 02. November 2020, ass vun historescher Bedeitung.

Ale Rekord vum 6. November 2011 geknackt

Wéi de staatleche Wiederdéngscht MeteoLux matdeelt, war den Dag vun haut, den 2. November 2020, de wäermste November-Dag zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947. Den ale Rekord louch bei 18,4 Grad, gemooss de 6. November 2011. Haut, 9 Joer méi spéit, konnt dëse Wäert mat 19,8 Grad (Diff.: +1,4 Grad) geknackt ginn.

Och d’Kachelmann-Statioun zu Waasserbëlleg huet am Nomëtte géint 14:50 Auer opfälleg Wäerter gemooss. Et gouf e Maximum vun 22,3 Grad areecht, wat héchstwarscheinlech och e neie Novemberrekord fir dës Statioun ass – a méiglecherweis och iwwer dat ganzt Land gekuckt. Allerdéngs muss een do nach déi offiziell Matdeelung ofwaarden.