Neie Rekord: Wäermst éischt September-Dekad zanter Opzeechnungsufank

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht louch d’Duerchschnëttstemperatur an der éischter September-Dekad nach ni esou héich wéi dëst Joer.

Advertisement

Neie Rekord um Findel

Wéi de staatleche Wiederdéngscht matdeelt, ass an der éischter September-Dekad, also tëscht dem 1. an dem 10. September inclus, e neien Temperatur-Rekord opgestallt ginn. Mir schwätze net vun engem spezifesche Maximalwäert un engem bestëmmten Dag, mee reng vun der Duerchschnëttstemperatur. Dës louch nämlech bei 20,3°C, esou héich wéi nach ni zanter Opzeechnungsufank. Den ale Rekord geet op déi éischt Dekad vum September 2005 zréck, wou 20,2°C gemooss goufen. De Rekord do virdrun kënnt aus dem Joer 1973 mat grad emol 19,9°C.

Och wat d’Summer-Deeg ugeet sinn al Rekorder beréiert ginn. Vun den éischten 10 Deeg waren der 7 Summerdeeg – also Deeg, un deenen d’Temperatur op op d’mannst 25°C geklommen ass. Genee d’selwecht war et an de Joren 1973 an 2005.

Eng neie Rekord a Saache Maximaltemperatur gouf awer net erreecht. An der éischter September-Dekad ass et nämlech normal, dass et ëmmer mol nach 30 Grad ka waarm ginn. Um Findel läit de Rekord dofir bei 32,2°C, gemooss de 15. an de 16. September 2020.