Neien europäeschen Temperaturrekord fir e Mount Abrëll: 38,8 Grad a Spuenien

E Mëttwoch ware schonn eng Rëtsch Temperaturrekorder fir e Mount Abrëll a Spuenie gefall. Gëschter ass dann esouguer e neien Europa-Rekord opgestallt ginn.

Advertisement

Europa huet e neien Temperaturrekord

Déi zanter de leschte Weekend erwaart iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen hu sech zanter dem Mëttwoch iwwer Spuenien & aneren Deeler vu Südwesteuropa breetgemaach. Virun allem iwwer Andalusien hate schonn e Mëttwoch selwer verschidde Wiederstatioune nei Rekorder gemooss. Zu Sevilla ass den ale Rekord vu 35,4 Grad geknackt ginn, 36,4 Grad ass de neie Wäert. Och zu Cordoba ass den ale Rekord vu 34,0 Grad mat 36,7 Grad markant iwwertraff ginn. Net nëmmen a Spuenie weist sech déi fir Abrëll ongewéinlech staark Hëtzt, mee och op der portugisescher Säit: Zu Beja ass e Mëttwoch den ale Rekord vun 32,6 Grad duerch 32,9 Grad ersat ginn.

An du koum den Dag vu gëschter, deen nach eng Kéier uerdentlech eng Schëpp dropgehäit huet. Zu Cordoba ass eng Maximaltemperatur vun 38,8 Grad gemooss ginn. Domat ass den ale Statiounsrekord vum 18. Abrëll 2017 net nëmmen ëm 4,7 Grad iwwertraff ginn, mee et ass den héchsten jee gemoossenen Temperaturwäert an engem Abrëll um ganzen europäesche Kontinent. Am Summer sinn esou Wäerter a Spuenien normal, mee op kee Fall am Fréijoer resp. Abrëll. Et si Rekorder, déi engem sollten ze denke ginn.

Och a Portugal, zu Castro Verde, ass mat 36,5 Grad e neie Rekord opgestallt ginn. Den ale Rekord louch bei 36,3 Grad a geet op den Abrëll vu 1997 zréck. De Westen afrikanesche Kontinent läit och ënnert dem Afloss vun dëser Hëtztwell: Am Marocco ass mat 41,3 Grad e neie Landesrekord fir e Mount Abrëll opgestallt ginn.

D’Hëtzt doënne wäert an de nächsten Deeg awer lues a lues manner intensiv ginn.