
Net méi laang, dann ass Chrëschtdag! Mee wéi wäert sech déi spannend Wiederlag iwwer Mëtteleuropa op d'Schnéiwarscheinlechkeet auswierken? Wéi d'Chance mëttlerweil stinn, fanne mir elo zesummen eraus.
Advertisement
Advertisement
Turbulent Wiederlag bréngt net nëmme Wand
Wéi mir an den Updates a Saache Stuerm an de leschten Deeg ëmmer erëm gelies hunn, hu mir et an de nächsten Deeg mat enger immens interessanter mee och turbulenter Wiederlag ze dinn. Dës Wiederlag entscheed och driwwer, ob mir déi nächst Deeg am Wäisse verbréngen oder net. Elo, esou kuerz virun Hellegowend a Chrëschtdag, kann een eng méi sécher Aschätzung doriwwer ginn.
Wanterlech Loftmasse verlafen zimmlech wäit nërdlech
An engem vun de leschte Schnéi-Updates hate mir driwwer geschwat, dass mir ronderëm Chrëschtdag ënnert enger markanter Westwiederlag géife leien. Westwiederlagen sinn normalerweis net onbedingt en Indice op nohaltegt Wanterwieder, doriwwer si mir eis eenz – mee et gouf en Ënnerscheed: An den Updates vun deemools goufen d’Duerchgäng vun den Déifdrockgebitter esou wäit südlech gerechent, dass se op hirer Récksäit trotzdeem kuerzzäiteg wanterlech Loftmassen op Lëtzebuerg bruecht hätten. Doduerch wier et op d’mannst op de Koppe fläit mol fir déi eng oder aner Schnéischauer duergaangen.

Wat sech an Tëschenzäit awer geännert huet ass, dass dës Grenz un de wanterleche Loftmassen e gudden Tick méi wäit nërdlech soll verlafen. Heescht: D’Grousswiederlag hate mir all déi Zäit richteg um Schierm, just sinn et elo e puer 100 Kilometer Differenz a Richtung Norden, déi eis dat mam Schnéi e bësse méi schwéier maachen.
De viraussiichtleche Verlaf
D’Modeller GFS an ECMWF schwätzen esou lues eng zimmlech änlech Sprooch. Se gesinn fir d’éischt mol, dass sech elo vum Donneschden un eng lëfteg bis deels stiermesch Wiederlag astellt, déi sech bis e Sonnden inclus soll halen. Eppes Wëlles ass awer net dobäi, et ass ebe Wanter.

An der Nuecht op e Freiden an och um Freide selwer läit e kräftegt Déif iwwert der Ostséi/iwwer Polen. Op senger Récksäit komme wanterlech kill Loftmassen erofgefloss, déi awer haaptsächlech d’Nordhallschent vun Däitschland solle beaflossen. Op enger Sträif vun Amsterdam, Essen, Frankfurt a Nürnberg soll déi ongeféier Grenz fir Schnéiflacken a méi nidderege Lagen verlafen – et geet also warscheinlech net fir Lëtzebuerg duer.

Wa mir op Hellegowend a Chrëschtdag kucken, da soll sech dëse Schwall u wanterleche Loftmassen och an Däitschland schonn erëm a Richtung Osteuropa verzunn hunn. Mir geroden ënnert den Afloss vun engem Héichdrockgebitt iwwer Südwesteuropa an en Déif iwwer Skandinavien, wat eis däitlech méi mëll Loftmassen zouspillt. Och wann u Chrëschtdag selwer vum Owend un erëm méi kill Loftmassen an d’Spill komme sollen, géif dat net méi fir wanterlech Chrëschtdeeg duergoen.
Fazit
D’Chancen, dass sech d’Chancen fir e puer Flacken u Chrëschtdag verbesseren, sinn immens kleng – mee net ganz verluer. Sollt sech nach eppes doen, da géif et sech souwisou nëmmen ëmt e puer eenzel Flacken fir déi héchst Koppen am Land handlen – änlech, wéi et an all den aneren Updates a Saache Schnéi fir Chrëschtdag schonn genannt gouf. Dem amerikaneschen Ensemblemodell no läit d’Warscheinlechkeet fir Schnéi u Chrëschtdag bei eis bei ongeféier 20%.