New Orleans, USA: Staarken Tornado schléit matten an der Nuecht zou

Matten an der Nuecht héiert Dir en haart Rauschen a Päifen, Blëtzer zéie sech iwwert de ganzen Himmel an op eemol ass de Stroum fort. Esou ass et de Leit zu New Orleans,USA an der leschter Nuecht gaangen.

Matten an der Nuecht

An der Nuecht op de Mëttwoch ass e gréisseren Donnerwiedersystem iwwert de Südoste vun den USA ewechgezunn. De Schwéierpunkt sollt dunn de Raum ronderëmt New Orleans sinn, wou sech géint 2 Auer hirer Zäit e staarken Tornado entwéckelt huet. Et muss een dobäi bedenken, dass et zu dësem Zäitpunkt däischter war an een déi geféierlech Loftsail nëmme schlecht komme gesinn huet. Déi eenzeg Aen um Geschéie ware Wiederradar-Statiounen a Medien, déi de Stuerm matverfollegt hunn.

Zumools an der Stad Arabi ass et duerch den EF-2 Tornado (op mannst) zu schwéierem Schued u Gebaier komm. Dem Sender WDSU no ass an der genannter Stad op mannst eng Persoun ëm d’Liewe komm.

Andréck vun Twitter

D’Regioun gëtt ëmmer erëm vu schwéiere Naturgewalte getraff. Déi lescht, déi och mir Lëtzebuerger eventuell nach aus de Medie kennen, war den Hurrikan KATRINA am Joer 2005. Deemools sinn duerch de Stuerm an och d’Iwwerschwemmungen ëm 1800 Leit ëmkomm.