Bëschbrand um Stau
Um Stauséi am Raum Béiwen ass e Bëschbrand ausgebrach, esou d’Police an och RTL. D’Pompjeeë schwätze vun engem “gréissere Bëschbrand”, genee Informatioune sinn awer nach net kloer.
Ergänzung 19.07.2022 00:48: Wéi de CGDIS mellt, war d’Feier glécklecherweis séier erëm ënner Kontroll.
De Risk vu Bränn wäert och an de nächsten Deeg weiderhi bestoen, dat duerch d’Dréchent. Op ville Plazen huet et zanter dem éischte Juli nach guer net gereent, wat sech och ëmmer méi an der Natur bemierkbar mécht. Déi éischt Chance op Reen erwaart eis e Mëttwoch, wou Modellrechnunge no vum Nomëtten un Donnerwieder méiglech sinn. Den Detail dozou kënnt no.