Niddereg Temperaturen: Déi keelst Plazen aus de leschten Deeg a wéi et virugeet

An de vergaangene Nuechten a Moienter louchen eis Temperature méi wäit am Keller. Mir kucken eis déi keelst Plazen un an och, wéini et dann erëm manner kal gëtt.

Dréche Keelt aus dem Osten

Wéi mir et schonn e puer mol thematiséiert haten, hu mir et de Moment mol nach mat dréchener Keelt aus dem Oste vun Europa resp. Russland ze dinn. Duerch déi dréche Loft hu mir de Moment och net de Probleem vum méi décken Héichniwwel, deen soss gäre mol am Wanter bei Héichdrockafloss virkënnt.


Mir gesinn, wéi d’Loftmassen ëmmer manner aus Osteuropa kommen | Animatioun: wxcharts.com

Am Artikel vun de Mëtten hate mir betount, dass eis schonn geschwënn en Ëmschwong usteet – hei ze fannen. Bréngt eis dësen Ëmschwong weiderhin esou nidderëg Temperaturen?

D’Wäerter aus de leschte Nuechten

An der Nuecht op de Sonnden war et eng éischt Kéier vun dëser Phas erëm liicht fraschteg, dat mat -1°Cu verschiddene Statiounen un der Nordspëtzt- also kaum der Ried wäert. Däitlech méi kal si mir e Méinden an déi nei Woch eragestart, déi nidderegst Wäerter goufen erëm an der Nordhallschent gemooss. De Minimum huet d’ASTA-Statioun vu Rued mat -5,6°C markéiert, direkt hannendru kommen d’ASTA-Statioune vu Reiler an Housen mat jeeweils -5,3°C. Un der ASTA-Statioun zu Dol waren et -5,1°C.

Nach méi déif an de Keller gaangen ass et en Dënschdemoien – verbreet sinn tëscht -6 a -9°C opgetrueden. Mat -8,5°C war et un der ASTA-Statioun zu Uewerkuer genee esou kal wéi un der ASTA-Statioun zu Breedelt ganz am Norden. Och un der ASTA-Statioun zu Wëntger war et genee esou kal. Fir de Rescht koum et zu kenge gréisseren Ënnerscheeder, am ganze Land war et nawell richteg fraschteg – wat awer ëmmer nach normal fir d’Joreszäit ass. Op den Dag genee, viru 15 Joer, hate mir op ville Plazen ënner -10°C.

An der vergaangener Nuecht war et nach eng Kéier änlech kal, de Minimum gouf mat -9,4°C un der Kachelmann-Statioun zu Béiwen beim Stauséi gemooss. No dobäi war awer och d’ASTA-Statioun vu Schëmpech mat -8,9°C an d’ASTA-Statioun vu Breedelt mat -8,8°C. An der Südhallschent war et un der ASTA-Statioun vu Käerch am keelsten, dat mat -8,2°C.

Wéi geet et virun?

Vergaange Nuecht war net déi lescht fir dës momentan Phas, an där et esou kill gouf. Och elo an der Nuecht op en Donneschden gëtt et nach eng Kéier zimmlech kill, dat mat -4 bis -7°C. Punktuell begrenzt kënnen och erëm -8°C optrieden, mee vill méi niddereg sollten d’Wäerter net falen. Am Dag sinn tëscht 2 a 4°C ze erwaarde, punktuell och mol 5°C – mir kommen also erëm aus dem Dauerfrascht eraus.

An der Nuecht op e Freide ginn d’Wäerter op tëscht -4 a -2°C zréck, an där op e Samsden -3 bis -1°C an an där op e Sonnden -3 bis -1°C. Et geet also weiderhi mat Frascht virun, och wann et awer en Tick méi mëll ass wéi de Moment.