Nidderschléi: Bis de Freide reent et quasi guer net

De Summer weist sech an dësen Deeg ëmmer besser zu Lëtzebuerg – dat awer gréisstendeels ouni Reen – d’Natur géif sech awer immens driwwer freeën.

An de nächsten Deeg ass net mat all ze nennenswäerte Quantitéiten ze rechnen. Falls et mat vill Chance iergendwou sollt naass ginn, dann ass dat mat grousser Sécherheet d’Drëps op de waarme Steen.

De Reen bis an d’Nuecht op de Samsden (GFS – wxcharts.com)

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat genee guer näischt bis un d’Enn vum prognostizéierten Zäitraum. Och den europäesche Modell ECMWF zitt do mat a berechent 0,0 l/m². Den däitsche Modell fiert déi selwecht Schinn, iwwerdeems de franséischen ARPEGE den eenzege vun de 4 ausgewielte Modeller ass, deen iwwerhaapt moossbar Reequantitéite berechent. Tëscht näischt a grad emol 1 l/m² sinn dësem Modell no méiglech – mee awer nëmme, falls eis an der Nuecht vum Freiden op de Samsde déi kleng Schauer erwëscht, déi de Moment berechent gëtt. Dëst ass awer immens onwarscheinlech.