Nidderschléi: Wéini besteet de Weekend déi héchst Reewarscheinlechkeet?

Och wann d’Modeller an de nächsten Deeg erëm mat klenge Quantitéite rechne, wäert de Reen fir déi meescht iwwert de Weekend awer e raren Artikel bleiwen.

Reen konzentréiert sech nëmmen op eenzel Plaze, wann iwwerhaapt

Et bleift de Weekend meeschtens dréchen. Réischt vum spéidere Samsdenomëtten u klëmmt d’Warscheinlechkeet vu ganz vereenzelte Nidderschléi. Dës Warscheinlechkeet zitt sech bis an de Sonndevirmëtten eran. An dëser Zäitspaan gëtt et wuel plazeweis bësse naass, mee déi meescht kéinten dobäi erëm eidel ausgoen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 1 a 4 l/m², de meeschte Reen soll laanscht den äusserste Weste vum Land erofkommen. Och den europäeschen ECMWF ass där Meenung, gesäit d’Quantitéite mat tëscht 1 an 3 l/m² awer méi kleng. Dësem Modell no solle ganz am Südweste vum Land déi gréisst Quantitéiten ze erwaarde sinn.

De franséischen ARPEGE rechent däitlech manner an ass mat tëscht 0,5 an 1 l/m² dobäi. De Nidderschlag soll ongläichméisseg verdeelt iwwert dem Land erofkommen. Zu gudder Lescht nach den däitschen ICON, dee keng Drëps bis de Sonndenowend op eis duerkomme gesäit.