Nieft de Schauere kënne sech de Weekend och lokal Donnerwieder mat amëschen

An dësem Artikel gi mir op de klengen Donnerwiederrisk fir de Weekend an. Mir kucken eis awer och un, zu wéi engen Zäiten de Reen am warscheinlechsten ass.

Advertisement

D’Situatioun

De Weekend iwwer leien direkt bei eisen däitsche Noperen doiwwer däitlech méi waarm Loftmasse wéi bei eis heiheem. Et verleeft also eng schaarf Grenz tëscht Fréijoerstemperaturen a méi killem Wieder. Genee un dëser Grenz ass d’Warscheinlechkeet fir Schaueren, mee zäitweis awer och mol engem Donnerwieder, erhéicht.

Kucke mir eis de Samsden un, dann ass d’Warscheinlechkeet fir méi markant Schliet vum spéidere Nomëtten un erhéicht. Och virdru kann et zwar schonn e bësse naass ginn, mee wéi gesot: wa méi kräfteg Schaueren oder och mol Donnerwieder optrieden, ass dëst eng Saach vum Nomëtten un bis an den Owend eran.


Wéi de Weekend dem europäesche Modell no soll verlafen | Animatioun: wxcharts.com

De Sonnde starte mir viraussiichtlech mat engem klore bis liicht wollekegem Himmel an den Dag eran, mee schonn ronderëm d’Mëttesstonn kënnen erëm eenzel Schliet a Form vu méi kräftege Schaueren oder Donnerwieder net ausgeschloss ginn. Spannend gëtt et dann virun allem an der Nuecht op e Méinden: Do soll nämlech, Stand aktuell, e gréissert a méi kräftegt Reegebitt aus Frankräich eropgezu kommen.

Sollten Updates néideg ginn, da fannt Dir dës wéi gewinnt op dësem Internetsite oder och op eise Social Media-Kanäl.