Nigeria & Südsudan: Méi wéi 500 Mensche stierwen duerch Iwwerschwemmungen

Nigeria huet et mat de schrosten Iwwerschwemmungen zanter engem Joerzéngt ze dinn. Och de Sudan ass mat enorme Waassermasse geplot.

Titelbild: AP

Net nëmmen Dréchenten, mee och Géigende mat massiven Iwwerschwemmungen

Südlech vun der Sahara ginn et Länner mat massiven Dréchenten – mee elo awer och genee esou mat enorme Reequantitéiten, déi zu schroen Iwwerschwemmunge gefouert hunn.

Bei dësen Iwwerschwemmunge si Medieberichter no ongeféier 500 Mënsche gestuerwen a méi wéi 1.500 goufe blesséiert. Dem Ministère fir humanitär Ugeleeënheete no hunn zanter dem Ufank vun der Reenzäit 1,4 Millioune Mënschen hir Haiser misse verloossen. 45.200 Haiser si net méi ze benotzen an et gëtt vu 70.500 zerstéierten Hektar Feld geschwat.

Ronderëmt de Juni geet a Nigeria d’Reenzäit un. Dëst Joer goufen déi meescht Doudesfäll bis ewell am August an och am September verzeechent. Der Regierung no handelt et sech dës Kéier ëm déi schlëmmst Iwwerschwemmungen zanter enger Dekad. Am Norde vum Land ass d’Reenzäit am November eriwwer, am Süden eréischt e gudde Mount méi spéit.

Och de Sudan ass betraff

Am Südsudan kënnt et de Momnet och zu Iwwerschwemmungen, vun deenen ongeféier 900.000 Mënsche betraff sinn. 29 Bezierker vum Land sollen ënner Waasser stoen. Am Norde vum Land si grouss Deeler vun de Stroossen a Felder iwwerschwemmt, Haiser a Schoule goufen zerstéiert. D’Reenzäit soll do nach bis Enn Oktober undaueren, ier sech d’Situatioun wuel viraussiichtlech no a no berouege wäert.

Mat dobäi kënnt, dass d’Waasserversuergung net méi garantéiert ass – duerch d’Iwwerschwemmungen ass d’Waasser kontaminéiert.

Informatiounsquellen: Zeit, AFP, dpa, today.lu