No 13 Joer: Vum Schlofzëmmer an en eegene Büro – Météo Boulaide plënnert!

Mam Dag vun haut geet eng Ära op en Enn – Et ass de leschte Schaffdag aus mengem Schlofzëmmer zu Bauschelt! Mee wou geet et hin? Méi dozou an dëser Matdeelung.

13 Joer Météo Boulaide

Offiziell gëtt et Météo Boulaide zanter dem Dezember 2010, mee schonn méi fréi ass et a privatem Krees domat ugaangen. Schonn 2009 hunn ech am Alter vun 10 Joer E-Mailen mam Wieder u meng Famill geschéckt, wat duerno dunn op Facebook verluecht gouf. Et ass ni drëms gaange, vill Leit domat ze erreechen – dat war e Nieweneffekt, deen op eemol mat an d’Spill koum. Den Ausléiser dofir war de 6. Juli 2014, deemools war en zolidd Donnerwieder iwwert d’Foire Agricole zu Ettelbréck ewechgezunn. Vun enger Warnung vum staatleche Wiederdéngscht war näischt ze gesinn, wouduerch dunn d’Medien all zesummen op Météo Boulaide opmierksam goufen. Dunn hunn ech gemierkt: “Jep, dat ass definitiv dat, wats du fir de Rescht vun dengem Liewe wëlls maachen!” – an dohier gouf alles dofir ginn, fir aus engem Hobby e professionelle Wiederdéngscht ze maachen.

Haut, den 31. Januar 2024, ass de leschten Dag fir Météo Boulaide vu Bauschelt. Zwar wäert ech mir e méi klenge Setup heiheem opbauen fir Weekends oder fir Drénglechkeeten, mee de Gros gëtt vu muer (1. Februar 2024) un vun Déifferdeng gemaach. Déifferdeng? Jo, dat ass e gutt Stéck fort. Mir hu laang no engem Büro gesicht, mee do hunn eis oft d’Präisser e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Dunn sinn mir op de 1535° Creative Hub zu Déifferdeng opmierksam ginn, wou kreativ Käpp gefërdert an ënnerstëtzt ginn – an dat och mat bezuelbare Räimlechkeeten! Zanter gutt engem Joer schaffen ech net méi alleng fir Météo Boulaide, mee ech hu mir de Criss Steichen an d’Boot geholl. Heen hëllt mir esou munches vun de Schëlleren, wat net onbedingt direkt mam Wieder ze dinn huet. Als Team ergänze mir eis perfekt. De Wee op d’Schaff wäert fir eis zwee d’selwecht wäit sinn – a well mir flexibel sinn, kënne mir eis esou organiséieren, dass mir net an den déckste Verkéier geroden. Mee keng Angscht: D’Wuerzelen bleiwen zu Bauschelt, de Wiederdéngscht gëtt och net ëmbenannt. Et ass einfach just d’Aarbéchtsplaz, déi an de Südweste vum Land wandert.

De Büro mécht eis d’Dieren op fir esou vill nei Méiglechkeeten. An eise Räimlechkeete gëtt et nämlech net nëmmen e Büro, mee zäitlech gëtt och un engem eegene Studio gebaut. Esou wäerten Produktioune méiglech ginn, déi et a Saache Wieder an där Form nach ni zu Lëtzebuerg ginn huet. Vu Virdeel ass et och, dass mäin Teampartner an ech eis och a Persoun gesinn, a net ëmmer per Online-Videochat – dat schrauft d’Produktivitéit immens an d’Luucht, esoudass sech d’Inhalter fir d’Notzer vum Déngscht wäerte verbesseren. Mir kënne nach net all ze déif an den Détail goen, mee schonn an de nächste Méint wäerte Neierungen a Saachen Internetsite, App, Wiederwarnungen a soss Medien op Iech zoukommen.

Eis Missioun ass et, déi komplizéiert Laune vum Wieder jidderengem op liicht Aart a Weis verständlech ze maachen. Et ass nämlech net nëmme wichteg ze wësse wéi d’Wieder gëtt, mee och ze wësse, firwat. Mat dëser Virgoensweis kritt een et och iergendwann hin, dass déi allgemeng Ëffentlechkeet vill méi iwwert d’Wiedergeforen zu Lëtzebuerg opgekläert gëtt a sech doduerch besser ka virbereeden.

E grousse Merci un Iech all, well ouni Iech wier all dat net méiglech. Mir freeën eis op e frëschen Ofschnëtt, zesumme mat Iech!