No bal 18 Grad: En Dënschden erëm lokal Flacken a spéider Risk vu glate Stroossen ze erwaarden

Mir hunn et de Moment nawell mat abrupten Temperaturännerungen ze dinn. Fir muer an e Mëttwoch weisen d’Modeller erëm Signaler fir e puer Flacken an och mol glat Streckenofschnëtter.

Advertisement

Am Nomëtte knapp 18 Grad…

Un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Schengen sinn de Mëtte 17,8 Grad gemooss ginn, wat also wäit iwwerduerchschnëttlech ass fir déi momentan Joreszäit. Iwwerduerchschnëttlech war och d’Intensitéit vun den Donnerwieder, déi am Nomëtte nëmme knapp südlech un eis laanschtgezu sinn. Bei eisen däitsche Nopere sinn Orkanstéiss vun 119 km/h gemooss ginn. D’Donnerwieder waren also schonn bal vu summerlecher Natur.

… an dann séier méi kill

Schonn elo an der Nuecht erreechen eis awer erëm däitlech méi kill Loftmassen, déi eis Temperature muer erofdrécke wäerten. Vum spéidere Nomëtten u falen d’Wäerter an der Nordhallschent op ëm 2 bis 3 Grad, an der Nuecht sinn se am ganze Land bei tëscht -1 an 2 Grad ënnerwee. Virun allem op den héchste Koppe kann de Reen doduerch mol a Schnéi iwwergoen, soss hu mir et awer méi mat Schnéireen a Reen ze dinn. Sollt eng méi kräfteg Schauer dobäi sinn, da kann dës och mol lokal fir kleng Knëppelsteng (Graupel) suergen. Duerch déi niddereg Temperaturen an der Nuecht wäert awer duerch Nätzt déi fréiert de Risk vu glate Stroossen an d’Luucht goen, an dat iwwerall.


Verschidde Modeller weise Schnéi-Signaler vum Dënschdenomëtten un | Grafik: wxcharts.com

Bis an de Mëttwochnomëtten era ka sech mol nach heiansdo eng Flack weisen, mee et gëtt séier méi waarm.