No bal 20 Grad: Dämpfer a Siicht!

Den Héichdrockafloss wärt am Laf vum Weekend bëssen ofhuelen an et sträifen eis rem méi kill Loftmassen.

Ab dem Méinde méi kill

De Weekend gëtt, trotz dem klengen Dämpfer, e gréisstendeels frëndlechen. Um Samsden zéien e puer kleng Wollécken duerch, dat bei ëmmer nach Werter vu bis zu 17 Grad. De Sonnde wiessle sech Sonn a Wollécken of, déi och mol méi déck kënne ginn. Mat em 10 Grad gëtt et rem bësse méi kill.

Den eigentlechen Dämpfer ass ab dem Méinden ze erwaarden, well eis rem méi kill Loftmasse sträife wärten. Zumols den Oste vun Däitschland wärt ganz an dës Loftmasse gerooden, soudass do d’Optriede vu wanterlechem Wieder am wahrscheinlechsten ass. Bei eis ass ze erwaarden, dass sech d’Temperaturen am Dag tësche 5 an 10 Grad ophaale wärten. An de Nuechte kann et méi groussflächeg op an ënnert de Gefréierpunkt zréckgoen. Eenzel Flacke wieren och haaptsächlech Nuets am Norden net auszeschléissen, eng Couche kënnt awer net zesummen.

Am Dag behaale mir gréisstendeels de Mix aus Sonn a Wollécken.

Video vum 21. Mäerz 2019

Tësche Fréijoer a Wanterwieder

Enn Mäerz, sou ab dem 30.03, ginn d’Onsëcherheeten an der Modell-Welt extrem grouss. Mir kréien et entweder mat schéinem Fréijoerswieder ze dinn, mat Temperature vu bis zu 20 Grad oder et geet op en éichter liicht wanterleche Niveau zréck. Bei der zweeter Variant wieren och rem Schnéifäll bis an déi méi déif Lage net onméiglech.

De Momnet sinn d’Onsëcherheeten ze grouss, vir e méigleche Fazit ze zéien. Dës Situatioun wärt op alle Fall am Aen gehaale ginn – Updates komme, soubal et méiglech ass!