No der Erwiermung séier erëm Minus – Gefor vu lokal spigelglate Stroossen

Mir geroden esou lues ënnert eng méi mëll Stréimung, mee déi wäert net bleiwen. Am Laf vum spéideren Owend/der Nuecht fréiert et erëm, déi naass Stroossen an Trottoiren kënnen also mol zimmlech glat ginn.

Op an Of vun den Temperaturen

De Moie géint 9 Auer louchen d’Temperature gréisstendeels bei tëscht -1 an 1 Grad, se sinn an Tëschenzäit awer däitlech um Wee no uewen. Déi rezent Modellrechnunge ginn dovun aus, dass bis kuerz viru Mëtternuecht erëm 2 bis lokal esouguer 5 Grad kënnen erreecht ginn. Duerno ass awer Schluss, mee firwat?

Kuerzen Afloss vu waarme Loftmassen

Hannert der Wiederlag vun haut stécht en Déifdrockgebitt, wat eis de Moie seng Waarmfront geschéckt huet. Un dëser kënnt et zu Nidderschléi, déi an eng Loftmass eragefall sinn, déi kal genuch ass fir Schnéi. De Buedem war och kal genuch, also ass dat mat der Schnéicouche guer net mol esou schwéier gefall.


D’Situatioun vum Nometten un | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrondkaart: wxcharts.com

Well en Déifdrockgebitt sech verlagert a géint d’Auer dréint, kënnt een och iergendwann op dee Punkt, wou op eemol méi mëll Loftmassen ugesaugt ginn. Dat ass och de Grond, firwat d’Temperaturen a Richtung Owend klammen.

An dann kënnt d’Récksäit vum Déif

An der Nuecht läit d’Déif südëstlech vun eis, mir geroden also op d’Récksäit dovun. Op dëser ginn erëm ganz séier fraschteg Loftmassen an eis Géigende gelenkt. Wat ass geschitt? De Schnéi ass a Schnéireen a Reen iwwergaangen, en Deel vum gefalene Schnéi ass geschmolt oder deels och ganz verschwonnen. D’Biedem si naass – a wann elo déi frësch a kill Loftmassen duerch d’Récksäit vum Déif op eis duergezu kommen, riskéieren d’Biedem séier erëm ze fréieren.


D’Situatioun vu Mëtternuecht un | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrondkaart: wxcharts.com

Et kann ee net genee agrenze wou a wéini – fest steet: no Mëtternuecht besteet de Risk vu punktuell spigelglate Stroossen. Haaptsächlech am äusserste Norde vum Land kënnen och erëm e puer eenzel Schnéischaueren optrieden.