No lokal knapp ënner -10°C: Virgeschmaach op d’Fréijoer ass ënnerwee op Lëtzebuerg

An der vergaangener Nuecht huet sech erëm gutt gewisen, wéi sech d’Temperature verhalen, wann den Himmel ënnert enger schwaacher Oststréimung opkläert. Déi neitst Donnéeë confirméieren, dass et geschwënn däitlech méi mëll gëtt. En Update.

Advertisement

Eng Differenz vun 22 bis 25 Grad

De Moie fréi war et richteg kal zu Lëtzebuerg, wat engem kloren Himmel an enger schwaacher ëstlecher Stréimung ze verdanke war. Zumools am Nordweste vum Land ass et mat eisen Temperaturen op tëscht -5 a -10°C erofgaangen. Fir méi konkret ze sinn, ass de nidderegste Wäert de Moien um 7 Auer un der ASTA-Statioun zu Schëmpech mat -10,3°C gemooss ginn. Aner Statiounen, déi d’-10°C ëmt en Hoer verpasst hunn, waren d’ASTA-Statioun zu Breedelt mat -9,5°C an d’Kachelmannstatioun zu Wolz mat -9,9°C. Un der dierflech geleeëner Météo Boulaide-Statioun zu Baschelt louch de Minimalwäert bei -7,3°C, iwwerdeems eis fuschnei Statioun um Hareler Poteau -6,8°C gemooss huet.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Wéi an de leschten Deeg an deels och schonn d’lescht Woch um Radio 100,7 an och am Tageblatt ugedeit, confirméiere sech déi ugekënnegt däitlech méi héich Temperature fir déi nächst Deeg. Déi frëschst Donnéeë simuléieren, dass eis en Donneschden e Maximum vun tëscht 5 an 10°C erwaart, e Freide géif mat Héchstwäerter vun tëscht 9 a 15°C de Maximum vun dësem Fréijoers-Virstouss erreecht ginn. Fir e Samschde gi nach 8 bis 14°C berechent, e Sonnde wieren et 8 bis 12°C an e Méinde 9 bis 12°C. Mir mierken also: D’Temperature ginn zwar zréck, mee se bleiwen an engem mëlle Beräich. Sou den aktuelle Stand.

Trotz den héijen Temperaturen ass allerdéngs unzedeiten, dass vill Wolleken an zäitweis och Reen wäerte matwierken. Eenzel sonneg Momenter sinn awer och mol mat dobäi.