Vun der zweeter Nuetshallschent un gëtt et fir eng Zäit méi ongemittlech zu Lëtzebuerg. Wéi vill huet et haut gereent a wat kënnt elo nach no?
Dat nächst Déif kënnt eragerauscht
D’Stuermdéif, wat eis an de nächste Stonne wäert beaflossen, läit de Moment iwwert dem Weste vun de britteschen Inselen. An de nächste Stonne beweegt sech de Kär dovun zimmlech séier iwwer d’Nordséi, iwwerdeems südlech dovun ëmmer erëm Reen mee awer och e Wand-/resp. Stuermfeld an eis Géigende gelenkt gëtt. Zu Lëtzebuerg selwer ass zwar keen ausgewuessene Stuerm ze erwaarden, an awer ass mat stiermesche Wandstéiss ze rechnen. Punktuell kann et och fir Stuermstéiss duergoen, also Vitesse vun iwwer 75 km/h.
Aktuelle Modellrechnunge no besteet vu Mëtternuecht bis muer de Mëtten 12 Auer virun allem am Südwesten/Süden vum Land déi héchst Warscheinlechkeet vu méi wéi 25 l/m² Reen an Zäit vun 12 Stonnen, eenzel Berechnunge gesinn och bis 35 l/m². Wéi haut wäert et awer erëm just lokal fir d’Warnschwell duergoen, meeschtens leie mir drënner. Déi momentan aktiv Warnung fannt Dir hei.
Wann d’Warnung muer de Mëtten um 12 Auer ofleeft, ass et schonn zimmlech lefteg. De Wand zitt sech dann awer nach bis an de spéideren Owend eran, wouduerch mir an de Spëtzten tëscht 60 a 75 km/h ze erwaarden hunn – also wiere mir gréisstendeels ënnert der Warnschwell ënnerwee. Nëmmen an der Ausnam, nämlech wa fläit en Donnerwieder duerchzitt, kéint dëse Wäert iwwertraff ginn. Bis an de spéideren Owend/déi fréi Nuecht eran kënne mir zäitweis un der Warnschwell krazen, duerno bleift et lefteg mee mat manner héije Vitessen.
Wéi vill et haut gereent huet
An der Zäit, an där d’Warnung virun Dauerreen aktiv war (31.07.2023 – 16:00 – 01.08.2023 – 16:00) si Radarmiessunge no tëscht 30 a 40 l/m² als Maximum erofkomm. D’Hotspots waren de Südoste vum Land (Raum Nidderaanven, Contern, Rehlingen, Wecker), e Beräich am Südwesten wou ëm 35 l/m² als Maximum dobäi waren.
De Miessungen vun de Wiederstatioune no war et un der ASTA-Statioun zu Uewerkuer mat 39,2 l/m² am naassten, direkt hannendru kënnt d’Stad-Pescatore mat 38,8 l/m². Wéi vill et un anere Statioune gereent huet, fannt Dir ënnert dësem Link.