Den Dag vun haut fällt esou lues richteg an d’Waasser – a leider war et dat nach net. Den Dag vu muer gëtt en änlechen. Et heescht opzepassen wéinst Aquaplaning.
Advertisement
Déi momentan Situatioun
Bis an de Virmëtten eran huet et op ville Plaze nach e bësse méi intensiv geschott, ier sech de Reen dunn e en Tick ofgeschwächt huet – komplett dréche bliwwen ass et awer net an eisem Land. Elo, zum Zäitpunkt wou dësen Artikel geschriwwe gëtt (07.02.2024 – 12:45 Auer), kënnt op e Neits méi markante Reen aus der Belsch an eist Land eragezunn.
Dëse begleet eis duerch de Nomëtten a viraussiichtlech och nach bis an de spéideren Owend eran.
Kënnt nach vill Reen no?
Déi, déi elo schonn genuch vun dëser naasser Phas hunn, mussen deemnächst weider op d’Zänn bäissen: Och an de nächsten Deeg bleift et net dréchen, virun allem den Dag vu muer bréngt nach eng Kéier gréisser Zomme Reen op Lëtzebuerg. Verbreet ass nach eng Kéier mat 8 bis 15 l/m² ze rechnen. Zumools laanscht de Weste besteet op e Neits d’Tendenz, dass et am meeschte reent. Berechent ginn Zomme vun 20 l/m², je no Modell kënnen och bis zu 25 l/m² optrieden.
Och e Freide reent et nach: Um fréie Moien handelt et sech nach ëm flächendeckende Reen, mee schonn vum Virmëtten u sollt dat Ganzt ëmmer méi a Schauerwieder iwwergoen. Vum Nomëtten u ka sech dann dotëscht och mol heiansdo d’Sonn kuerz blécke loossen. Och de Weekend soll et nach zäitweis naass ginn, mee net méi esou flächendeckend wéi haut a muer.
ëmmer interessant ze liesen.wéi gesäit et fir d’nächst woch aus