NOAA: 2020 kéint eis e “normale” August-Mount erwaarden

De Juli ass schon erëm bal riwwer. Un der Météo Boulaide Statioun ass en 0,93 Grad ze waarm ausgefall a war mat 13,2 l/m² e gutt Stéck ënnerduerchschnëttlech naass. Et huet just u 9 Deeg gereent. Mee wéi gesäit et fir den August aus?

Juli 2020 war ze dréchen

Déi am éischten Abschnitt genannt Temperaturanomalie bezitt sech alleng nëmmen op d’Statioun hei an der Gemeng Bauschelt an ass net zu 100% representativ fir dat ganzt Land, well d’Statioun eréischt zanter 2011 am Asaz ass. Wat awer mat grousser Sécherheet iwwerall de Fall war, waren ze mann Deeg un deenen et gereent huet. Um Findel reent et an engem Juli an der Moyenne 71 l/m², vun deene mir dëst Joer bis ewell zimmlech wäit ewech sinn. An dësem Artikel kucke mir op déi potenziell Anomalie fir de Mount August, baséierend um amerikanesche Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System).

NOAA: Keng all ze grouss Anomalien ze erwaarden

Geet et dem amerikanesche Wiedermodell CFS vun der NOAA no, da géif eis am August keng gréisser positiv oder negativ Temperaturanomalie bevirstoen. Mir leien am wäisse Beräich, wat op dëser Grafik de neutrale Beräich representéiert. An engem meteorologesche Mount August läit d’Temperatur an der Moyenne bei 17,7 Grad, baséierend op den Donnéeë vun der Wiederstatioun vu MeteoLux um Findel wärend der Referenzperiod vu 1981 bis 2010. Géif sech also näischt un dëser Berechnung ännere, sollte mir net all ze wäit ewech vun dësem Duerchschnëttswäert ukommen.

Och a Saache Reen gréisstendeels am normale Beräich

Net nëmmen d’Temperature kéinte sech dem CFS no am August staark un der Moyenne orientéiere, mee och d’Reequantitéite. Tëscht normal vill an duerchschnëttlech knappe 0,2 l/m²/Dag méi wéi soss sinn ze erwaarden. An engem August reent et zu Lëtzebuerg an der Moyenne 75,4 l/m². Fir d’Natur bleift weiderhin ze hoffen, dass dëse Wäert areecht gëtt an eventuell och e bëssen driwwer. D’Natur huet de Reen batter néideg.