NOAA: De Wanter kéint däitlech ze mëll ausfalen

Der National Oceanic and Atmospheric Administration, kuerz NOAA no, kéint de Wanter e gutt Stéck ze mëll ausfalen. Dëst heescht awer net, dass kee Wanterwieder méiglech ass.

Rekord-Wanter ënnerwee?

A ville Medie gëtt dovu geschwat, dass de Wanter eventuell als Rekord-Wanter an d’Geschicht agoe kéint. Mee wat ass domat gemengt? Dass dat ganzt a Form vun aussergewéinlech villem Schnéi iwwer d’Bühn goe wäert oder awer eppes aneschters bessen aus der Rei danze wäert… wéi zum Beispill d’Temperatur?

Dem CFS Modell vun der NOAA no (Climate Forecast System) soll haaptsächlech dat zweet an de Fokus geroden. D’Temperature sollen am Wanter 2019/2020 dee Parameter sinn, deen am wahrscheinlechsten iwwerduerchschnëttlech ausfale kann. Och wann déi kommend Méint ze waarm ausfale sollten, heescht dat awer net, dass de Wanter ganz ausfält.

Ganzen Artikel am Video zesummegefaasst

Wéi gesäit et fir déi eenzel Méint aus?

De Rescht vum Artikel befaasst sech domat, wéi d’Anomalien a Puntko Temperatur a Nidderschléi bis de Mäerz ausfale kéinten – Stand Enn November 2019. Als Referenz gëtt, wéi scho betount, de Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA geholl.

Dezember 2019

Temperatur

Nidderschléi

Den Dezember soll aus aktueller Siicht gesi bis zu 2 Grad ze waarm ausfale kënnen. Heescht also: wann dëse Modell Recht behält, klammen d’Temperaturen an der Moyenne 2 Grad iwwert dat, wat fir en Dezember normal wier. Wat d’Nidderschléi ugeet ass domat ze rechnen, dass de Mount liicht méi naass gëtt wéi soss. E Nidderschlagsdefizit ass also net wierklech a Siicht.

Januar 2020

Temperatur

Nidderschléi

Och am Januar bleift d’Anomalie-Kaart fir d’Temperaturen zimmlech rout, haaptsächlech och iwwert dem Oste vun Europa. Fir eis Géigende gëtt eng positiv Anomalie vun ongeféier 1 Grad geschat, dat parellel och mat enger positiver Anomalie wat d’Nidderschléi ugeet. Et soll duerchschnëttlech gesinn em 0,6 l/m² den Dag méi reene wéi et an de leschten 30 Joer de Fall war. Och wann d’Temperaturen iwwert de ganze Mount gesinn ze héich ausfale sollten, kann et tëschenduerch awer trotzdem kill wanterlech Phase ginn. Zesumme mat der positiver Anomalie vun de Nidderschléi kéint dat en Hiweis drop sinn, dass et zu nennenswäerte Schnéiquantitéite komme kéint.

Februar 2020

Temperatur

Nidderschléi

Déi wierklech grouss Temperaturanomalien zéie sech méi wäit an den Osten zréck, iwwerdeems bei eis awer ëmmer nach eng positiv Anomalie vun em +1 Grad bestoe bleiwe sollt. D’Nidderschléi dogéint sollten um duerchschnëttleche Niveau verlafen, et wier also keng wierklech Anomalie ze erwaarden. Och hei gëlt: och wann de Februar am Duerchschnëtt bëssen ze waarm gëtt, kann et dotëscht awer wanterlech Situatioune ginn.

Mäerz 2020

Temperatur

Nidderschléi

Den 1. Mäerz 2020 fänkt d’meteorologescht Fréijoer un. Kalendaresch gesinn hu mir vum 20. Mäerz u kee Wanter méi. Mir hunn et dem CFS no ëmmer nach mat enger liicht ze héijer Duerchschnëttstemperatur ze dinn, de Reen soll rem, genee wéi am Februar, op normaler Basis anzeschätze sinn.

Hiweis:

A nachemol: D’Anomalie bezéie sech duerchschnëttlech gesinn op déi eenzel genannte Méint. Dotëscht kann et awer trotzdem kill a wanterlech Phase mat Schnéi ginn. Heescht also: trotz de ville roude Faarwen op de Kaarte kann et zu Schnéicouche kommen – och där signifikanter. Et ass also ëmmer nach alles op wat de Wanter ugeet.