NOAA: Esou kéint de Wanter 2020/2021 ginn

Déi lescht Wantere waren ze waarm, Deeg mat enger Schnéicouche rar. De Laangzäitmodeller no kéint sech dat dëse Wanter méiglecherweis widderhuelen.

Ier mir awer op d’Eenzelheete komme, sief gesot, dass et sech bei den Donnéeën, op deenen dësen Artikel baséiert, méi ëm Estimatiounen handelt wéi em wierklech verlässlech Prognosen. Well de Mëttel- a Laangzäitmodell CFS vun der NOAA an de leschte Joren awer net all ze schlecht louch, woe mir dëse gewoote Bléck an d’Zukunft.

Am Allgemenge gesi kann ee schonn emol soen, dass de meteorologesche Wanter 2020/2021 dem CFS- Modell no ze waarm ausfale soll. Am Dezember läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 1,8 Grad. Dëse Wäert kéint, falls sech déi momentan Berechnungen / Simulatiounen duerchsetzen, ëm ongeféier 1 bis 2 Grad getoppt ginn. Kléngt net no vill, mee well et sech heibäi ëmt een Duerchschnëttswäert handelt, kann dat schonn eppes ausmaachen. Mee: och wann d’Temperature gréisstendeels iwwert der laangjäreger Moyenne leie, sinn dotëscht awer trotzdeem och mol Wiederlage méiglech, duerch déi et knackeg kal bei eis gëtt. Et handelt sech eben ëmmer nëmmen ëm d’Moyenne. Dëst gëlt och fir déi nächst Méint, déi elo opgezielt ginn.

Grafiken: NOAA / NWS

De Januar soll et mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperature virugoen. Et gëtt mat enger Anomalie vun tëscht 0,5 an 1 Grad gerechent, woubäi d’Duerchschnëttstemperatur an engem Januar bei 0,8 Grad läit. Et kéint also dorop erauslafen, dass d’Duerchschnëttstemperatur vum Mount Januar 2021 iergendwou iwwer 1 Grad leie wäert. Och de leschte Mount vum meteorologesche Februar gëtt ze waarm, mee méiglecherweis nach vill méi däitlech. De Moment (Stand 15.09.2020 – 02:25 Auer) gëtt eng Anomalie vun tëscht 1 an 2 Grad berechent, deemno wéi kéint et och fir 3 Grad ze vill duergoen. Ob déi duerchschnëttlech 1,6 Grad, déi normalerweis an engem Februar gemooss ginn, agehale gi, kann een un dëser Plaz gären a Fro stellen.

Kritt d’Natur endlech hire Nidderschlag?

Nieft den Temperaturen huele mir och d’Nidderschléi ënner d’Lupp. Och hei gëlt awer, dass een drun denkt, dass et sech ëmmer nëmmen em Moyennen handelt. Mir hu jo gesinn, dass de Wanter warscheinlech an der Moyenne ze waarm gëtt – an awer kann et tëschenduerch zu Phase kommen, wou et schneit a mir richtegt Wanterwieder zu Lëtzebuerg kréien… mee ebe just ni fir wierklech laang.

Grafiken: NOAA / NWS

Wéi de Laangzäitmodell et de Moment gesäit, kéint den Dezember ee Mount ginn, deen eis all freeë wäert – an d’Natur mat. Et gëtt mat enger positiver Anomalie wat d’Nidderschléi ugeet gerechent, dat mat duerchschnëttlechen 0,6 bis 0,8 l/m² den Dag méi wéi soss. Duerchschnëttlech gesinn reent/schneit et am Mount Dezember 86,7 l/m² zu Lëtzebuerg. Sollt déi genannt Anomalie antreffe, kéinte mir also bei ongeféier (!) 105,3 bis 111,5 l/m² ukommen… reng theoretesch! Natierlech kann een dat elo nach guer net sou genee soe, mee et sollt als eng kleng Richtlinn déngen. Scho muer kënnen dës Wäerter anescht ausgesinn, also léiwer mat Virsiicht genéissen. E weideren ze naasse Mount kéint de Januar 2021 ginn, an deem tëscht 0,4 a 0,6 l/m²/Dag (Moyenne) méi fale solle wéi am Géigesaz zu der Referenzperiod vu 1981 bis 2010. Normal sinn dee Mount Nidderschlagsquantitéite vu 76,6 l/m² ze erwaarden. Weider net opfälleg weist sech de Moment de Februar, dee nidderschlagstechnesch normal ausfale kéint. Deemno géif also eng duerchschnëttlech Zomm vun 62,5 ugepeilt ginn.

Wéi gesäit et mam Schnéi aus?

Schnéiprognose sinn ëmmer immens schwéier, besonnesch wann et esou wäit an d’Zukunft geet. Mee mécht een den Zesummenhang tëscht den Temperatur- a Nidderschlagsanomalien déi mir grad gesinn hunn, da kann een dovun ausgoen, dass et zimmlech oft einfach ze waarm fir eng bestänneg Schnéicouche wäert sinn. Zimmlech oft… mee net emmer. Och wann den Duerchschnëtt vun der Temperatur vum jeeweilege Mount iwwerschratt gëtt, sinn tëschenduerch awer Phase méiglech, wou et zu engem Wanterabroch mat gréissere Schnéizomme komme kann. Sollten d’Donnéeën awer ongeféier esou antreffe wéi se de Moment do stinn, kéinten dës Phasen net all ze laang undaueren, also ongeféier esou wéi och schonn an de leschte Wanteren.