NOAA: Och de Februar kéint ze waarm, mee och ze naass ginn

Muer ass schon den éischte Februar. An dësem Artikel kucke mir eis un, wat d’Langzäitmodeller fir de neie Mount soen a wéi et bis an den Abrëll era viru goe kéint.

Oft ze mëll, mee och ze naass

Dësen Artikel baséiert op de Berechnunge vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System). Dobäi handelt et sech haaptsächlech ëm Estimatiounen, déi an de leschte Méint awer ëmmer rem zimmlech gutt gestëmmt hunn. Och dës Kéier huele mir rem dëse Modell, fir op déi potenziell Zukunft ze kucken.

Link- Tipp: Prognosen fir déi nächst 3 Deeg

Video vum 30. Januar 2020

Februar 2020

Temperatur

Nidderschléi

Och am Februar ass viraussiichtlech mat liicht ze héijen Temperaturen ze rechnen. Dem Laangzäitmodell no sollen d’Wäerter tëscht 1 bis 2 Grad iwwert der laangjäreger Moyenne leien. Och wann de Mount awer, wat den Duerchschnëtt ugeet, ze waarm ausfale kéint, si nach kuerz méi wanterlech Phasen tëschenduerch net auszeschléissen. Fir d’Wanterfans gëtt et also nach eng kleng Hoffnung op Schnéi, ier de leschte meteorologesche Wantermount lues awer sëcher op en Enn geet. Eng däitlech positiv Anomalie hu mir wat de Reen ugeet. Et soll op deeglecher Basis gesinn an der Moyenne ëm 1 l/m² méi reene, wéi et soss an engem Februar de Fall ass. E Reendefizit ass also net ze erwaarden.

Mäerz 2020

Temperatur

Nidderschléi

Am Mäerz gëtt et, wat d’Temperaturanomalie ugeet, viraussichtlech keng all ze grouss Ënnerscheeder. D’Temperature kéinten Enn Mäerz méiglecherweis rem bei enger Moyenne ukommen, déi 1 bis 2 Grad méi héich ass, wéi se sollt sinn. Reentechnesch sollte mir normal Quantitéiten ze erwaarden hunn: net ze drëchen an och net ze naass.

Abrëll 2020

Temperatur

Nidderschléi

Den Abrëll soll nëmme nach minimal ze mëll ginn. Vu 0,5 bis 1 Grad ass d’Rietz, déi am Endeffekt iwwert der Moyenne leie kéinten. Iwwerdeems ass dem aktuelle Stand no och ëmmer nach kee Reendefizit ugesoot: de Mount soll minimal ze naass ausfale kënnen – ëm duerchschnëttlech 0,2 l/m² den Dag, fir genee ze sinn.