NOAA: September kéint normal naass, mee liicht ze waarm ginn

De meteorologesche Mount August huet sech virun allem a Saache Nidderschléi besser gewise wéi de Juli – an awer louche mir nach ënnert deem Wäert, dee normalerweis an engem aachte Mount gemooss gëtt. Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS rechent fir de September erëm normal Quantitéiten.

Kuerze Réckbléck op den August 2020

Un der Météo Boulaide- Wiederstatioun gouf am August 2020 eng Maximaltemperatur vun 33,7 Grad gemooss (08. August 2020). Déi déifst Temperatur konnt de 27. August 2020 mat 7,7 Grad registréiert ginn, iwwerdeems och déi niddrëgst Buedemtemperatur (+5cm) mat 5,0 Grad festgestallt ginn ass. Op de ganze Mount gekuckt komme mir an der Gemeng Bauschelt op eng Moyenne vu 19,33 Grad, wat 4,23 Grad iwwert der Moyenne läit. Dës Moyenne bezitt sech awer op d’Zäitspaan vun dëser Statioun, déi eréischt zanter dem Dezember 2011 am Asaz ass. En ass also net offiziell representativ. Reentechnesch hate mir 17 Deeg, un deenen am ganzen 62,4 l/m² erofkomm sinn (22,3 l/m² méi wéi normalerweis). Den Dag mam meeschte Reen war den 12. August 2020 mat 15,2 l/m². Mee och hei gëlt: des Donnéeë si net an dat offiziellt iwwerdrobar, well d’Statioun eréischt zanter Enn 2011 mësst.

Um Findel ass de 09. August 2020 mat 35,6 Grad de wäermsten Dag gewiescht. Déi niddrëgst Temperatur ass de 27. August 2020 mat 9,9 Grad gemooss ginn. An der Moyenne louch den Thermometer bei 21,2 Grad, 3,5 Grad iwwert der laangjäreger Moyenne (Referenzperiod 1981 – 2010), déi bei 17,7 Grad läit. De Mount August 2020 iwwer huet et un 12 Deeg gereent, un deenen am ganze genee 30 l/m² erofkomm sinn. Dëse Wäert läit mat groussem Ofstand ënnert der laangjäreger Moyenne. An engem Mount August reent et an der Moyenne offiziell 75,8 l/m², wat also eng Differenz vu -45,8 l/m² ausmécht.

Wéi gesäit et fir de September 2020 aus?

Wat d’Temperaturen ugeet, rechent de Mëttelfrist- a Laangzäitmodell CFS vum amerikanesche Wiederdéngscht NWS / NOAA mat engem liicht ze waarme September an eise Breeten. De Mount kéint am Endeffekt eng positiv Anomalie vun tëscht 0,5 an 1 Grad opweisen. Déi duerchschnëttlech Temperatur fir e Mount September läit zu Lëtzebuerg bei 13,9 Grad.

Nidderschlagstechnesch leie mir dem CFS- Modell no méi oder manner an deem Beräich, dee fir e September normal ass. Et ass mat enger neutraler Anomalie vun tëscht -0,2 a +0,2 l/m² ze rechnen. Sollt sech dës Berechnung also wierklech duerchsetzen, da komme mir bei ongeféier 76,3 l/m² un.