Nom Orkan NADIA: Stuermrisiko och fir Lëtzebuerg?

Wéi och schonn kommunizéiert gehat, spillt sech am Nordoste vun Däitschland de Moment eng Onwiederlag duerch d’Orkandéif NADIA of. Kann et och bei eis gläich erëm zu engem Stuerm kommen?

Orkandéif NADIA

D’Orkandéif NADIA ass en Deel vun engem gréisseren Déidrockkomplex, deen um Freidenowend nach iwwert dem ëstlechen Island louch. Haut um Samsden huet sech de ganze System séier an den Oste virubeweegt a sech iwwert der Nordséi markant intensivéiert.

D’Stuermfeld ass an Tëschenzäit am äusserste Norde vun Däitschland ukomm, déi kräftegst Wandstéiss ginn de Moment un der Grenz zu Dänemark gemooss. Um Nordstrand-Phnshalligkoog ass elo um 18 Auer en Orkanstouss vun 124 km/h gemooss ginn. Duerch d’Verlagere vum Stuermfeld vu West no Ost ass et awer och un der Nordséi stiermesch, de Wand bléist do uewe mat bis zu 107 km/h.


D’Animatioun zu de Wandvitesse bis muer de Mëtten | wxcharts.com

Vun den Owend +/- 20 Auer un gräift de stäerksten Deel vum Stuermfeld op de Nordoste vun Däitschland iwwer, wou de Modellrechnunge no Wandvitesse vu bis ëm 115/120 km/h net ausgeschloss sinn. De Rescht vum Stuermfeld, wou nach Vitesse vun tëscht 70 an 100 km/h ze erwaarde sinn, verleeft méi wäit südlech iwwer Brandenburg, Sachsen-Anhalt, dat nërdlecht Sachsen an och nach de Norde vun Thüringen. Eréischt um Sonndemëtte soll de Stuerm spierbar noloossen.

Wéi gesäit et fir Lëtzebuerg aus?

Lëtzebuerg kritt vum Orkandéif NADIA net all ze vill mat, et kënnt héchstens mol zu e puer méi spierbare Wandstéiss déi et op tëscht 40 a 60 km/h packen. An de Modellkaarten zeechent sech allerdéngs en Hiweis dorop of, dass et am Laf vum Méinden awer och bei eis ka méi lefteg bis hin zu stiermesch ginn.


D’Wandspëtzten um Méindemëtten | Grafik: wxcharts.com

Schold drun wier e Randdéif, wat am Laf vum Sonnde vun de britteschen Inselen hier iwwer d’Nordséi a Richtung Belsch an Holland gezu kéim an am Laf vum Méinde selwer Lëtzebuerg ënner Ofschwächung erreeche géif. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent vum Méindemëtten u mat Spëtzte vun tëscht 65 a 90 km/h zu Lëtzebuerg. Och de GFS souwéi den däitschen ICON gesinn dëst änlech. Deem no kéim et also vum Méindevirmëtten un bis an de spéidere Nomëtten eran zu enger kuerzer méi lefteger bis stiermescher Phas bei eis zu Lëtzebuerg – wat fir d’Joreszäit awer vollkomme normal ass.

Bei Konkretiséierung vun de Modellrechnunge komme nach Updates heizou.