Nord- a Nordwestfrankräich: Tornado(en) riichte grousse Schued un

Et ass vu gënschtegen atmosphäresche Konditioune geschwat ginn, a leider huet sech dat och gewisen: et kommen ëmmer méi Meldungen iwwer Tornadoen eran, déi sech virun allem iwwert dem nërdlechen a nordwestleche Frankräich forméiert hunn. Éischt Biller weise grousse Schued.

Titelbild: Robin G.

Tornadoen a Frankräich

Am Virfeld ass viru Superzelle gewarnt ginn – Donnerwieder mat engem rotéierenden Opwand. Ënnert dëse Superzelle kann et ënnert de richtege Viraussetzungen zu Tornadoë kommen – an och zu grousse Knëppelsteng mat Stuermstéiss bis hin zu Orkanstéiss. Dësen Zenario ass haut leider net nëmmen an de Modellkaarte bliwwen, mee huet sech iwwert dem nërdlechen a nordwestleche Frankräich gewisen.

Ee vun de Fäll ass zu Beuzeville am nordwestleche Frankräich opgetrueden. Enger éischter Analys no ass Schued am F2, eventuell esouguer ënneschtem F3-Beräich opgetrueden. Camions-Unhängere goufen duerch d’Loft gewirbelt, Beem entwuerzelt an Haiser beschiedegt.

Eng weider Meldung gëtt et vu Conty, enger Gemeng net wäit ewech vun Amiens. Och hei weisen d’Fotoen markante Schued am ieweschten/ënneschten F2-/F3-Beräich. Haiser goufe staark beschiedegt a si net méi bewunnbar, Géigestänn vun aller Zort leien an de Stroossen, Autoe goufen zerstéiert, Beem entwuerzelt – d’Bild erënnert e bëssen un de Péiteng-Tornado vum 9. August 2019.

Eng drëtt Meldung gëtt et vu Bihucourt, nordëstlech vun Amiens. Hei konnten Aenzeien d’Entwécklung vun engem Tornado filmen. Am Beräich Bihucourt & Bapaume ass änleche Schued wéi zu Conty ugeriicht ginn. Ob déi zwee Fäll eventuell zesummenhänken, muss gekuckt ginn.

Well d’News eréischt frësch sinn, kommen an de nächste Stonne warscheinlech weider Biller a Videoen op. Et war fir Enn Oktober eng markant Onwiederlag, déi esou net all ze typesch ass.