Nordatlantik: D’DANIELLE ass den éischten Hurrikan vun der Saison

D'Hurrikansaison ass dëst Joer nawell spéit gestart. Den Tropestuerm DANIELLE ass awer elo den éischten Hurrikan vun der Saison.

Hurrikan iwwert dem nërdlechen Atlantik

Fir tropesch Wirbelstierm an Hurrikanen ass et net esou üblech, dass se esou wäit nërdlech optrieden. Den Hurrikan DANIELLE befënnt sech de Moment tëscht dem 40. an dem 45. Breetegrad, also ongeféier op der Héicht vun der Grenz tëscht Portugal a Spuenien.


De weidere Parcours vum Hurrikan DANIELLE | Grafik: NWS/NOAA

Den Hurrikan DANIELLE ass den éischten Hurrikan vun der Saison – e spéide Start also, den Ufank vun der Saison ass nämlech ëmmer op den éischte Juni definéiert. De Stuerm produzéiert e Mëttelwand vun 120 km/h, an de Spëtzte sinn et bis ëm 160 km/h. Nach muer am Laf vum Dag soll de Stuerm sech erëm an en Tropestuerm ofschwächen a nach e Stéck weider a Richtung Nordosten zéien, dat nach mat gemëttelte Wandvitesse vun 110 km/h. Vum spéideren Donneschdenowend u gëtt de Stuerm dann vun engem aneren Déifdrockgebitt iwwert dem Nordatlantik absorbéiert a verléiert seng tropesch Eegeschaften. Am weidere Verlaf sollen dann d’Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan DANIELLE de Sonnden op Portugal a Spuenien treffen – esou déi momentan Modellrechnungen.


Dat aktuellt Satellittebild vum DANIELLE | Animatioun: tropicaltidbits.com

Tropestuerm EARL méiglecherweis geschwënn Major Hurricane

D’DANIELLE ass awer net den eenzegen tropesche Stuerm um Atlantik. Den Tropestuerm EARL läit mat enger gemëttelter Wandvitesse vu Ronn 100 km/h e gutt Stéck méi wäit nordëstlech vun der dominikanescher Republik a wäert am weidere Verlaf viraussiichtlech en änleche Wee aleeën wéi d’DANIELLE.


De weidere Parcours vum (nach) Tropestuerm EARL | Grafik: NWS/NOAA

Den Ënnerscheed ass awer deen, dass sech den EARL nawell zu engem Major-Hurricane verstäerke kéint – also engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala. Erwaart gëtt sech dëst fir de Samsdemoien, wou de Stuerm nëmmen e klengt Stéck méi wäit südlech leie soll wéi den Hurrikan DANIELLE elo grad. Den aktuelle Modellrechnunge no läit den EARL um Sonnden méi oder manner genee do wou d’DANIELLE elo läit, dat als Hurrikan vun der zweeter Kategorie.


Dat aktuellt Satellittebild vum EARL | Animatioun: tropicaltidbits.com