Norddäitschland demnächst uerg vu Stierm betraff, NRW mécht Schoulen zou

D’Modellrechnunge fir Deeler vun Holland, der Belsch mee virun allem Norddäitschland si beonrouegend. Direkt zwee mol muss mat extreme Wandstéiss gerechent ginn.

Grousse Schued méiglech

Iwwerdeems mir et zu Lëtzebuerg mat normale Stierm fir d’Joreszäit ze di kréie, si bei eisen direkte Noperen extrem zolitt Entwécklungen ze erwaarden. Dovu betraff ass de Westen a Nordweste vun der Belsch, Holland mee virun allem awer d’Nordhallschent vun Däitschland. Um Donneschdenowend kënnt et zum éischten zolitte Stuermfeld, wierklech extrem kann et dann um Freide ginn. Den Däitsche Wiederdéngscht DWD schwätzt vun deelweis vollem Orkan mat bis zu 140 km/h am Flaachland. Op grousser Fläch kann et zu groussem Schued kommen. Et soll een domat rechnen, dass den Zuchverkéier zesummebrécht an och soss net méi all ze vill geet.

Den éischte Stuerm

Den éischte Stuerm erreecht am Laf vum Mëttwochowend d’Küsteregiounen an der Belsch an och an Holland. Do sinn zimmlech séier Wandvitesse vu bis zu 110 km/h an de Spëtzte méiglech. Wärend der Nuecht verlagert sech den intensivsten Deel vum Stuermfeld an de Nordweste vun Däitschland eran an trëfft spéiderhin och d’Mëtt. Et ass mat Vitesse vun tëscht 90 an 115 km/h ze rechnen. Am Nordoste vun Däitschland, also a Richtung Brandenburg & Berlin, besteet d’Gefor vu nach méi héije Wandvitessen.

<

D’Wandvitesse vum amerikanesche Wiedermodell GFS berechent | Grafik: wxcharts.com

Wéi d’Warnsäit ESTOFEX och schreift, besteet eng zousätzlech Gefor vun enger konvektiver Schauer- an Donnerwiederlinn, déi sech vun der nërdlecher Belsch iwwer Holland & Nordwestdäitschland hier a Richtung Norddäitschland a schlussendlech Nordostdäitschland beweege soll. Am Beräich vun dëser Linn sinn vereenzelt immens extrem Zenarie net ausgeschloss, dat a Form vun extreme Wandstéiss vun tëscht 120 an 150 km/h. Och gëtt d’Potenzial vun dem engen oder aneren Tornado genannt (Gefor iwwer Nordostdäitschland am héchsten). D’Situatioun ass also eescht.

Den zweete Stuerm


D’Wandvitesse géint 21 Auer vum GFS berechent | Grafik: wxcharts.com

Den zweete Stuerm léisst net laang op séch waarden a gëtt fir de Freidenomëtten un de Küsten erwaart. Aktuell Modeller rechnen iwwert der Nordséi mat Orkan vu bis zu 145 km/h, och un der direkter Küst kann et zu ëm 120 km/h an och mol driwwer kommen. A Richtung Owend verlagert sech den intensivsten Deel vun dësem Stuermfeld iwwer Holland ewech a Richtung Nordwestdäitschland, wou weiderhin Vitesse vu gutt iwwer 120 km/h optriede kënnen. Bis an de spéideren Owend eran ass de Stuerm iwwert der ganzer Nordhallschent vun Däitschland ukomm, de stäerksten Deel läit iwwert dem äusserste Norden (Nordséi & Ostséi also) a kann do weiderhin déi genannt Vitessen generéieren. Eréischt am Laf vum Samsde berouegt sech d’Situatioun gänzlech.

Wa Dir un den Entwécklunge fir Däitschland interesséiert sidd, dann haalt Iech beim Däitsche Wiederdéngscht oder Kachelmannwetter um Lafenden.