Nordhallefkugel: Nei Temperaturrekorder gefall, weiderer ze erwaarden – Hëtztwellen breede sech aus

D’USA, de Süde vun Europa, China an aner Plazen op der Nordhallefkugel hunn et de Moment mat extreemen Hëtztwellen ze dinn. Déi éischt Rekorder si gebrach, weiderer komme no – je no Géigend kann ee vu Liewensgefor schwätzen.

Advertisement

Rekord-Hëtztwellen op der Nordhallefkugel

Och wann et bei eis heiheem de Moment erëm méi agréabel ass mat den Temperaturen, ass et an anere Länner op der Nordhallefkugel bal net méi auszehalen resp. schonn liewensgeféierlech. Et betrëfft net nëmme Südeuropa & de Norde vun Afrika, mee och Deeler vun den USA – esouguer a China ass den Allzäitrekord aus dem Joer 2015 (50,3°C) ëm ganz 1,9°C iwwertraff ginn! An der Gemeng Sanbao am Nordweste vum Land ass d’Temperatur e Sonnden op e Maximum vun 52,2°C geklommen.

Och an den USA gëtt u neie Rekorder gekrazt, dem National Weather Service no wier et esouguer warscheinlech, dass vu Kalifornien hier iwwer Nevada bis an Texas eran nei Allzäit-Temperaturrekorder wäerten opgestallt ginn. Och um Allzäit-Rekord vu 56,7°C vum Death Valley, deen op den 10. Juli 1913 zréckgeet, kéint an de nächsten Deeg gekrazt ginn. Zur Info: Dëst ass och déi héchst jeemools gemoossen Temperatur op eisem Planéit.


Wat ass en Heat Dome? | Grafik: Washington Post

Iwwer groussen Deeler vum Mëttelmierraum ass vun haut un mat Wäerter vu 40°C ze rechnen, plazeweis esouguer 45°C an driwwer. Dës immens Hëtzt entsteet, genee wéi och am Westen a Süde vun den USA, duerch e sougenannten “Heat Dome”. Liicht erkläert kann ee sech dorënner en Deckel vun engem Kachdëppen virstellen, ënnert dem d’Hëtzt net kann auswäichen. D’Konsequenz ass eng immens dréche Loftmass, déi och d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi staark aschränkt. Et ass also net nëmme mat enger enormer Hëtzt ze rechnen, mee och mat enger ëmmer méi staarker Dréchent & der Gefor vu Bränn. Dat heescht also och, dass a verschiddene Géigenden déi souwisou schonn bestoend Dréchent weider verstäerkt gëtt.

Nei europäesch Allzäitrekorder méiglech

Op dëser Plaz ass et schwiereg, d’Rekordwäerter vun de jeeweilege Statiounen all opzezielen. Et ass awer warscheinlech, dass vill dovu wäerten an de nächsten Deeg gebrach ginn. E “gutt” Beispill ass Roum, wou déi bis ewell héchst gemoossen Temperatur am August 2007 opgetrueden ass – dat mat 40,5°C. D’Wiedermodeller rechnen schonn fir muer en Dënschden mat Maximaltemperature vu rondrëmt 42°C, wat den ale Rekord bei wäitem géif iwwertreffen.


D’Verlagerung vun der Hëtztwell iwwert déi nächst Deeg, visualiséiert unhand vun der Loftmassentemperatur op 1,5 Kilometer Héicht. Eng Berouegung fir de Mëttelmierraum am Allgemenge soll et eréischt nom 25. Juli ginn | Animatioun: wxcharts.com

Iwwer Sardinien soll et nach méi waarm ginn. Déi héchst jeemools gemoossen Temperatur op der Insel läit bei 48,8°C, gemooss den 11. August 2021 – et ass och déi héchst jeemools gemoossen Temperatur um europäesche Kontinent. Schonn fir haut sinn d’Modeller mat Maximalwäerter vun tëscht 41 a 45°C dobäi, muer soll et nach eng Kéier esou waarm bis esouguer minimal méi waarm ginn. Fir e Mëttwoch rechent den europäesche Modell mat 46°C, de britteschen mat 47°. Ob de neie Rekord gebrach gëtt, kann een de Moment net soen – Fakt ass awer, dass europawäit esouwéi och global nach ni virdrun esou no openeenfolgend nei Temperaturrekorder konnten opgestallt ginn.

Afrika ass e waarme Kontinent, dat wësse mir – mee och do ass d’Situatioun duerch de momentanen Heat Dome eng liewensgeféierlech. Zu Tunis an Tunesien läit den alen Temperaturrekord bei 49°C. Fir déi nächst Deeg, a virun allem fir e Sonnden, weise momentan Modellkaarte Maximaltemperature vu bis zu 50°C! Och soss iwwert dem nërdlechsten Afrika an direkter Noperschaft zum Mëttelmier gëtt un dësem Wäert gekrazt.

Iwwerduerchschnëttlech Waassertemperaturen an hir Konsequenzen

Duerch déi massiv Hëtzt-Glack erhëtzt sech d’Mierwaasser, wat dozou féiert, dass méi Waasser ka verdonschten. Déi extreem Hëtzt, mat där et d’Leit ze dinn hunn, fillt sech duerch déi schmeier Loft also nach vill manner agréabel un. Fir de weidere Verlaf vum Joer kéint déi ze héich Waassertemperatur dann och erëm dozou bäidroen (wéi och an de Jore virdrun), dass sech an den Hierscht- esouwéi Wanterméint mat enger däitlech méi héijer Warscheinlechkeet kënnen markant Stierm & Déifdrockgebitter forméieren, déi extrem Reequantitéiten & Iwwerschwemmunge kënne mat sech bréngen.


Wéi sech d’Waasseruewerflächentemperatur vum Mëttelmier zanter 1983 verännert huet | Grafik: ceam.es