Vu muer un kënnt et am Mëttelmierraum erëm zu enger Onwiederperiod. Dobäi handelt et sech erëm ëmt eng Vb-änlech Wiederlag, déi fir Iwwerschwemmunge bekannt sinn.
Advertisement
Kal Loftmassen drécke sech iwwert d’Mëttelmier
An de nächste Stonnen an Deeg drécke sech aus Nordeuropa hier erëm kill Loftmassen a Richtung Mëttelmier, wou et an de leschte Wochen emmer nach zimmlech summerlech war an dohier och d’Waassertemperaturen ëmmer nach relativ héich sinn.
Genee wéi mir et am August schonn ugedeit haten, besteet den Onwiederrisk am Mëttelmier weiderhin a wäert weider unhalen. Zur Erënnerung: D’Waassertemperaturen hate nach virun e puer Wochen nei Rekordwäerter erreecht, wat leider dozou bäidréit, dass potenziell Onwieder zolitt kënnen ausfalen.
Eng Vb-änlech Zuchbunn
D’Déifdrockgebitter, déi an de nächsten Deeg iwwer Deeler vu Norditalien esouwéi awer och dem Balkan fir onwiederaarteg Reenzomme wäerte suergen, wanderen erëm op enger Vb-änlecher Zuchbunn. Dat heescht, dass se vum Atlantik hier kommen an dann iwwert dat lingurescht Mier eriwwer an Italien zéien. Vun do aus geet d’Rees entweder a Richtung Nordoste virun (esou wéi beim Joerhonnerthéichwaasser virun e puer Wochen) oder liicht méi wäit ëstlech.
An dësem Fall schéngt et déi méi ëstlech Variant ze ginn, wat also besonnesch fir de Balkanraum immens vill Reen ze bedeiten huet.
Deels ass mat méi wéi 200 l/m² ze rechnen
Wat Italien betrëfft, kommen déi gréisst Zommen an enger Sträif vu Neapel iwwer Roum bis an den äusserste Nordoste vun Italien erof. Bis e Sonnden inclus ginn tëscht 50 an 100 l/m² an de Spëtzte gerechent, je no Modell kann et op der Corse fir méi wéi 100 l/m² duergoen. De Peak gëtt aktuell fir d’Regioun ronderëmt Fabriano simuléiert, e puer Modeller deiten hei bis zu 160 l/m² Reen un. Méi wäit am Nordosten, un der Grenz zu Slowenien, ginn tëscht 70 an 160 l/m² berechent.
Am Balkanraum ginn et e puer potenziell Hotspots, dorënner d’Géigenden tëscht Udine, Ljubljana an Rijeka, wou punktuell bal 200 l/m² kéinte falen. Héich Zomme ginn och fir de Raum Pag, Gospic an Obrovac simuléiert, hei kënnen et mat Pech iwwer 250 l/m² ginn. Méi wäit a Richtung Südosten hu mir nach de Raum Dubprovnik, Podgorica an Shkoder, wou deels och erëm esou héich Zomme kéinten erofkommen.
Dës Zomme ginn definitiv dofir duer, dass et zu Iwwerschwemmunge kënnt – mat Pech si leider plazeweis och schlëmm Biller net ausgeschloss, duerch déi och Liewensgefor ka bestoen.